Kräizkapell vu Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kräizkapell Gréiwemaacher)
Kräizkapell
vu Gréiwemaacher
Kräizkapell vu Gréiwemaacher (2012)

Kräizkapell vu Gréiwemaacher (2012)
Kräizkapell vu Gréiwemaacher (2012)
Uertschaft / Plaz Gréiwemaacher
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hellegt Kräiz
Baujoer 1737
Koordinaten 49° 40’ 42.9’’ N
      06° 26’ 09.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kräizkapell vu Gréiwemaacher ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Gréiwemaacher gehéiert.

D'Kapell ass dem hellege Kräiz geweit.

D'Kapell steet um nordëstleche Wutz um Kräizerbierg, op enger 180 m héijer Kopp nieft dem Kierfecht am Nordweste vu Gréiwemaacher. Se ass vum Rond-point vun der N1 an dem CR140A iwwer en zirka 130 m laange Wee mat Trapen z'erreechen. Op der ganzer Längt vum Wee si 14 Kräizweestatiounen opgestallt. Dräi sou Kräizweeër aus de Jore 1627, 1875 a 1956 si bekannt.

Zur fréierer Par Gréiwemaacher gehéieren och nach d'Dekanatskierch vu Gréiwemaacher an d'Kapell vu Mënjecker.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell an hirer haiteger Form ass vu 1737 (Datum iwwer dem Portal). Bannen an der Kapell ass en 2 m grousst stenge Kräiz aus dem 16. Joerhonnert iwwer dem Altor. Der Legend no ass dat Kräiz viru laanger Zäit géint de Stroum vun der Musel geschwomm komm an huet mat dem Aarm op de Kräizerbierg gewise wou et dann och opgestallt gouf. D'Kräiz ass op enger Zeechnung vum Johann Bertels aus dem Joer 1571 fir d'éischt Kéier ze gesinn, awer nach ouni d'Kapell.

Am Joer 1956 ass d'Kapell, déi duerch de Krich beschiedegt war, restauréiert ginn an zur Erënnerung un d'Affer vum Zweete Weltkrich gouf an der Fassad nieft dem Agank e Gedenksteen ubruecht.

1986 gouf d'Kapell nach eng Kéier grëndlech renovéiert.

Den 21. September 2012 huet de Schäfferot vu Gréiwemaacher ugefrot, fir d'Kapell an de Kräizwee als nationaalt Monument klasséiert ze kréien, wat duerch d'Äntwert vum 8. Februar 2013 vun der Kulturministesch Octavie Modert och accordéiert gouf. De 14. Oktober 2015 gouf d'Kapell inklusiv de Miwwelen an dem Kräizwee deen dohi féiert op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort vum 9. Juli 2013, S. 23: Kräizkapell a Kräizerbierg zu Gréiwemaacher zanter 2013 nationaalt Monument
  • Roby Zenner, Die Warte Nr. 42, 1994, S. 24: Die Kreuzkapelle in Grevenmacher
  • Joseph Hurt, 1956: Der Kreuzerberg, 1. Oplo, 102 S., erausgi vun der Stad Gréiwemaacher

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräizkapell vu Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).