Heesdref
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft an der Gemeng Wëntger. Fir d'Uertschaft an der Gemeng Steesel, kuckt wgl. Heeschdref. |
Heesdref | |
---|---|
Heesdref, a Richtung Wëntger | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hamiville de: Heisdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wëntger |
Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
Awunner | 213 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 483 ha |
Héicht | 476 m |
Koordinaten |
50° 02’ 45’’ N 05° 54’ 02’’ O |
Heesdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Heesdref läit op enger Héicht vu ronn 470 Meter (NG-L). Déi héchst Plaz an der Uertschaft ass op der Grenz mat Wëntger op der N12 mat 502 Meter, an déi déifst ass op der Albaach mat 385 Meter.[1]
D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Nationale 12, ee Wee deen op Béigen féiert, een deen op Kréindel féiert, an een deen op d'Trätter Strooss féiert.
Zu Heesdref hunn zwou Baachen hir Quell, d'Albaach an d'Dalerburen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Virun der Gemengefusioun zur neier Gemeng Wëntger den 1. Januar 1977 huet d'Uertschaft zu der fréierer Gemeng Béigen gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Nikloskierch zu Heesdref
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- John Lamberty, „Fest verwurzelt mit der Scholle - Die Gemeinde Wintger blättert erneut im Geschichtsbuch ihrer Dörfer und schlägt dabei das Kapitel Heisdorf auf“, am Wort Nr. 52 vum 2. Mäerz 2018, S. 26
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Heesdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |