Pierre Burggraff

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pierre Burggraff
Gebuer 28. Juli 1803
Tratten
Gestuerwen 17. Juli 1881
Léck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Pedagog

De Pierre (oder Peter) Burggraff, gebuer den 28. Juli 1803 zu Tratten a gestuerwen de 17. Juli 1881 zu Léck[1], war e lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser, deen am 19. Joerhonnert op der Universitéit vu Léck enseignéiert huet. Hien ass doduerch bekannt ginn, well hien den Éischte war, deen do e Léierstull fir hebräesch an arabesch Sproochen hat.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Burggraff koum aus enger Famill vun Tratten an ass do a bescheidene Verhältnesser opgewuess. Säi Monni, den Abbé Valentiny, hat him d'Latäin an d'Grondelementer vun der Theologie bäibruecht. Vu sech aus huet hie Griichesch, Geschicht a Geographie geléiert. Nodeem en eng kuerz Zäit (1826) am Seminaire zu Namouer war, huet de Pierre Burggraff sech zu Louvain am Collège philosophique aschreiwe gelooss, wou hie sech an der Theologie an an der klassescher Philologie perfektionéiert huet, a sech d'Grondelementer vum Hebräeschen ugëeegent huet. 1828 ass de Pierre Burggraff mat anere Studenten op d'Universitéit Bonn gaangen a war do Schüler vum Niebuhr, Schlegel a Freytag, deem seng hebräesch an arabesch Coursen hie mat groussem Succès bis 1831 beluecht huet. Zeréck zu Louvain huet hien do mat Distinctioun säin Doktorat an der Philosophie gemaach. Eng Bourse huet him dunn erlaabt zu Paräis d'Course vum Antoine-Isaac Silvestre de Sacy ze suivéieren. Hie war him säi Schüler vun 1831 bis 1834.

Vum Silvestre de Sacy heescht et, dat hien e grousse Respekt fir säi lëtzebuergesche Schüler hat, an hien e staark estiméiert huet, an deem Mooss, dat hien en 1837 fir den nei geschaafte Léierstull fir Hebräesch an Arabesch op der Lécker Universitéit proposéiert huet. De Pierre Burggraff ass den Auteur vun enger Etüd iwwer d'Commentaire vum Koran duerch den al-Zamakhshar. Well hie keng Subventioun kritt huet, konnt dës wichteg Aarbecht allerdéngs net publizéiert ginn. Ausser dësem Manuskript huet de Pierre Burggraff der Lécker Universitéit all seng perséinlech Bicher iwwer den Orientalismus vermaach.

Um Kierfecht zu Tratten steet op sengem Graf follgende laténgesche Sproch, deen hie selwer verfaasst huet:

Quod tu es, eram ; tu eris quod sum ; fui.

Publikatioune vum Pierre Burggraff[änneren | Quelltext änneren]

  • Principes de grammaire générale, ou exposition raisonnée des éléments du langage, Liège, Dessein, 1863,602 p.
  • Douzième Surate de l'Alcoran intitulée La Surate de Joseph avec le texte arabe du Commentaire de Mahmoud Zamakhshari, fils d'Omar, traduit en français et accompagné d'observations grammaticales et littéraires, Bruxelles, 1837. (Manuscrit inédit déposé à la Bibliothèque générale de l'Université de Liège).

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliogaphesch Sourcen[änneren | Quelltext änneren]

  • Liber Memorialis. L'Université de Liège depuis sa fondation, par Alphonse Le Roy, Liège, Imprimerie de J.G. Carmanne, 1869, p. 762-768.
  • Victor CHAUVIN, P. Burggraff, sa vie et ses travaux, Liège, Imprimerie de Chr. Aug. Desoer, 1884, 23 p.
  • Liber Memorialis. L'Université de Liège de 1867 à 1935. Notices biographiques, t. I. Faculté de Philosophie et Lettres. Faculté de droit, Liège, Rectorat de l'Université, 1936, p. 198-203 (par Auguste BRICTEUX).
  • Adrien RIES, "Pierre (Peter) Burggraff (1803-1881). Ein Trottener Bürger als (erster Luxemburger ?) Professor an der Universität Liège", in: De Cliärrwer Kanton, 1990/1, p. 57-58 ; 1990/2, p. 36-40 ; 1990/3, p. 36-41.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Pierre Burggraff: Professor at the university of Liège (Belgium) op www.arno-bourggraff-stammbaum.de/