Op den Inhalt sprangen

Helzerklaus

Vu Wikipedia
Helzerklaus
Helzerklaus

Helzerklaus
Helzerklaus
Uertschaft / Plaz Helzen
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Koordinaten 50° 06’ 50.8’’ N
      05° 54’ 31.3’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Helzerklaus ass eng kathoulesch Pilgerkapell, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

Se steet e gudde Kilometer nordwestlech vun der Uertschaft Helzen, um Südrand vum Helzenerbësch. Am direkten Ëmkrees vun der Kapell entspréngt eng Quell, déi nom hellegen Thomas benannt ass, an no 60 m an d'Helzenerbaach leeft.

D'Helzerklaus gouf den 28. Dezember 1961 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

D'Geschicht vun der Klaus läit an der Däischtert. Et handelt sech wuel ursprénglech ëm en heednesche Kult ëm d'Gëttin Foecunda (cf. Quell, Kiem vu Köln op Reims an der Géigend). Zur Zäit vum Karel dem Groussen (zirka 800) ass déi Plaz christianiséiert an der Muttergottes geweit ginn. D'«Beata Maria ad fontem felicem» gouf zimmlech berüümt. Déi franséisch Bezeechnung vun Helzen - Hachiville - kënnt iwwregens vun Aquisvilla (aqua).

Déi eigentlech Gebuertsstonn vun der Klaus als Pilgeruert ass awer de 17. Juli 1474 wéi de Poopst Sixtus IV. eng eege Bull op Helzen (Alcivilla) schéckt, a sech dora wënscht, datt do eng gréisser Kapell mat Prunkaltär a Raimlechkeete fir Pilger am Bësch sollt opgeriicht ginn. Dëst war geschitt nodeem de Rekter vun der aler Kapell him d'Lag erkläert hat: vill Pilger, a keng Infrastruktur. Den Original vun der Bulle ass bis haut erhalen. Déi Bulle huet der Wallfaart an den nächste Joerhonnerten en ongeheieren Opschwong ginn. Am Joer 1600 gouf et bis zu véier Pilgermasse pro Dag.

1974 gouf et de grousse Jubiläum: 500 Joer Helzener Klaus, initiéiert vum deemolege Paschtouer Nicolas Hardt. D'Haaptfest ass bis haut de “Klauserdag” um Sonndeg nom 2. Juli (Mariä Heimsuchung) mat enger Mass virun der Kapell an enger Sakramentspressessioun. Des Weideren ass e Pelerinage mat Mass de 15. August an den zweete Sonndeg am Oktober. Am Summer gëtt nomëttes de Rousekranz gebiet. Fréier gouf et do nach méi Gottesdéngschter mat Dafen um Buer a Masse mat Krankesalbung.

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Helzen huet ausser der Helzerklaus och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Kierch vun Houfelt an d'Kapell vu Weiler gehéiert.

2024 gouf de 550. Jubiläum vun der Klaus gefeiert an dat mat engem Programm, dee vum 9. Mee (op Christi Himmelfaart) bis de 15. Dezember gedauert huet.[2]

Et gëtt eng Rei Seeërcher am Zesummenhang mat der Klaus. Zum Beispill ass sou munnecher een, dee scho bäi Alter war an dee sech gewënscht huet, bestuet ze ginn, heemlech op d'Klaus gepilgert, dräimol ronderëm d'Kapell gerannt, zweemol mam Kapp widder d'Dänn geschloen, mat plakege Féiss an d'Quell gesprongen, an dann huet en aus dem Dausche vum Waasser de Virnumm vum Zukünftegen, respektiv der Zukünfteger eraushéieren.

Schnëtzaltor

[änneren | Quelltext änneren]
De Schnëtzretabel aus der Helzerklaus (Den Original steet an der Kierch zu Helzen)

Ëm 1500 fanne mer dann de wäertvolle Schnëtzaltor, de Retabel, dat eigentlecht Gnodebild vun Helzen. En ass traditionell brabännesch (cf. d'Opdeelung vun den Zeenen, d'Dimensioun vun de Figuren, d'Kleedung). En Ënnerscheed besteet awer an de Formen: D'Figure si méi ronn a méi behäbeg. D'Origine ass warscheinlech déi äusserst Nordwestgrenz vun der historescher Provënz Lëtzebuerg. De Kënschtler, obschonn an der gotescher Traditioun verwuerzelt, wennt sech schonn engem Renaissance-Ideal zou. Seng Identitéit ass net kloer. Hei gëtt et verschidde méi oder manner plausibel Theesen.

Et handelt sech ëm e marianeschen Altor: Ënne sinn d'Freede vum Maria duergestallt: de Joachim an d'Anna, also de Bop an d'Bom vum Jesus vun Nazaret, d'Verkënnegung an d'Krëppchen, uewen d'Passioun vu Christus an d'Leide vu Maria. En ass e Spigelbild vun der mëttelalterlecher Volleksfrëmmegkeet an dem dozou gehéierege Schaubedierfnes: D'Bild steet un éischter Plaz (Bildverkënnegung nieft Wuert- an Dotverkënnegung).

Vun 1959 bis 1960 gouf de Schnëtzaltor restauréiert an zu Helzen opgestallt - no verschiddenen onglécklechen Agrëffer: an der Barockzäit gouf en Tabernakel an déi mëttelst Nisch gesat, wouduerch d'Haaptfigure vun der Gebuert Christi verluer goungen; 1895 koum en neigoteschen Altor dobäi mat enger irféierender Ëmstellung vun de Figuren; 1931 gouf de Schnëtzaltor duerch e grellen Uelegustrach total entstallt.

Den 3. August 1976 gouf den Altor geklaut, wouduerch Helzen nees nei an d'Gespréich koum. Déi lëtzebuergesch an déi belsch Gendaarme konnten en allerdéngs relativ séier nees sécherstellen. Wärend deenen zwéi Méint, wou e verschwonne war, krut d'Wallfaart en neien Héichpunkt: Eng jonk Fra gëtt stënterlech un der Quell vun engem béisaartegen Tumor geheelt. Haut steet den Original-Altor an der Helzer Kierch, an enger extra dofir gebaute Säitekapell (Gnodekapell). Op der Helzerklaus steet eng zweedimensional Kopie, also eng grouss Foto.

  • Blasen, Léon, 1986. D'Helzer Klaus an den Helzer Schnëtzaltor. Télécran 26: 18-20, ill. Luxembourg.
  • Hardt, Nikolaus, 1974. 500 Jahre Helzinger Klaus: (1474-1974). 54 S. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • Hardt, Nikolaus, 1980. Die Helzinger Klause. Heimat und Mission 8/9: 164-165, ill., Clairefontaine.
  • Zenner, Roby, 1993. Der Schnitzaltar von Helzingen. Letzeburger Sonndesblad 32: 24, ill. Luxembourg.
Commons: Helzerklaus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  2. Henri Hamus, Ein Rastplatz für Leib und Seel am Waldesrand, Die Helzer Klaus besteht seit 550 Jahren. Zur Feier des Jubiläums lädt die Pfarrei "Sainte Famille, Wincrange" Besucher von Nah und Fern ein. Luxemburger Wort, 1. 3. 2024, S. 16