Diskussioun:Helzerklaus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Artikel Helzerklaus steet déi selwecht Foto vum Retabel wéi am Artikel Kierch Helzen. Eng Kéier steet derbäi op der Foto géif den Original weisen an eng Kéier, datt et d'Kopie wier. --Cornischong 00:45, 27 Juli 2007 (UTC)


Misst et nët Helzer Klaus heeschen? Et ass jo d'Klaus vun Helzen. cf. den Artikel vum Léon Blasen an der Literaturlëscht vum Artikel. Am Artikel stung och nach: "Helzener Kierch", hun ech op "Helzer Kierch" gännert. Wa jo da misst een den Artikel ëmbenennen an op der Säit Klaus den Link à jour setzen. --PlayMistyForMe 17:48, 25. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
De Josy Braun schreift bis op emol eng Ausnam déi ech fonnt hunn d'Nimm an engem Wuert wéi z.B Iernzerbierg, Iernzermillen. Bei der Gréiwels-Barrière schreift en et mat Bindestréch awer de Gréiwelshaff schreift uneneen.
Op et elo soll Helzerklaus oder Helzer-Klaus oder Helzer Klaus oder Helzener Klaus soll sinn, doriwwer kéinte mer sécher 14 Deeg diskutéieren, ouni ee Schratt weiderkomm ze sinn. Les Meloures 22:20, 25. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]
OK da loosse mer et stoen, --PlayMistyForMe 06:32, 26. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]