Op den Inhalt sprangen

Peepstlech Bull

Vu Wikipedia
Bull vum Poopst Urban VIII, 1637

Eng peepstlech Bull oder kuerz Bull (vum lat.: bulla, Sigel) ass d'Bezeechnung fir e Schrëftstéck, dat wichteg Entscheedungen, wéi Rechtsakter, vun engem Poopst verkënnegt.

Den offiziellen Numm ass litteræ apostolicæ oder litteræ apostolicæ sub plumbo, also "apostoulesche Bréif" vereinfacht iwwersat. Den Numm Bull kënnt eigentlech vun der Kapsel, an där dat wichtegt Schrëftstéck war, an déi op zwou Säite versigelt an um Dokument ugestréckt war. Méi spéit gouf dat Schrëftstéck selwer Bull genannt.

Am Ganze goufen et eng ronn 140 där Bullen.

Commons: Peepstlech Bull – Biller, Videoen oder Audiodateien