Kapell Weiler (Wëntger)

Vu Wikipedia
Kapell vu Weiler
Kapell vu Weiler (2014)

Kapell vu Weiler (2014)
Kapell vu Weiler (2014)
Uertschaft / Plaz Weiler (Wëntger)
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Albinus
Konsekratioun 1721
Baujoer zirka 1713-15
Koordinaten 50° 06’ 12.9’’ N
      05° 56’ 43.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Weiler bei Helzen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Haaptstrooss, dem CR333, an ass un d'Gebai vun engem Haff ugebaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Haff vum Här Menschel gouf 1706 gebaut. D'Kapell gouf awer eréischt ëm 1713-15 un d'Haus ugebaut. D'Konsekratioun war 1721.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell vun der Par Helzen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Helzen huet ausser der Kapell vu Weiler och nach d'Parkierch vun Helzen, d'Filialkierch vun Houfelt an d'Helzerklaus gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Weiler (Wëntger) – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell an den Haff vun Nordoste gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154