Charles Bivort

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles Bivort
Gebuer 1. Mäerz 1845
Gestuerwen 5. Mäerz 1920
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Erfinder
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Charles Bivort, gebuer den 1. Mäerz 1845 zu Tratten, a gestuerwen de 5. Mäerz 1920 zu Paräis, war e lëtzebuergeschen Entreprener, Schrëftsteller, Journalist, Konstrukteur an Erfinder.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp, de Joseph Bivort, deen Douanier war, gouf vun Tratten op Uewerpallen versat an de Charles Bivort ass mat dohi gezunn. Do ass hien an d'Primärschoul gaangen. Duerno ass hie fir dräi Joer op Arel an den Athenée Royal gaangen. Mat 15 Joer ass hien dunn zwee Joer bei den Enregistrement schaffe gaangen, an duerno zwee Joer bei den Notaire Bian op Réiden un der Atert. Duerno huet hien nach ee knappst Joer beim Dierwiechter a Béierbrauer Schlesser zu Bieberech geschafft[1].

Paräis[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1864 huet et hien op Paräis gezunn. Do huet en an enger Schockelasfabréck geschafft an et séier zu enger gudder Plaz bruecht. Hien huet sech op d'Matièrë Kakao an Zocker spezialiséiert an eng Rei Studien doriwwer publizéiert. Den Annuaire du Commerce et de l'Industrie du Surce sollt hien zweemol (1870/71 an 1873) erausbréngen. Am Joer 1876 huet hien den Annuaire des Halles et Marchés publizéiert. Hie gouf Member vun der Redaktioun vum Bulletin des Halles an duerno de Besëtzer dovun. Hie war Verleeër vun der La Gazette de la Boulangerie.

De Charles Bivort huet et op déi Manéier lues a lues zu beträchtlechem Räichtum bruecht a konnt sech zu Chelles am Departement Seine-et-Marne, net wäit vu Paräis, eng Villa kafen. Op sengem Grondstéck huet hien en eegene Musée, de "Musée Saint Georges", gegrënnt. Vu Chelles aus huet hien och d'Compagnie Française des Téléphones an de Salon du Cycle, vun deem hien den éischte President gouf, gegrënnt. Am Joer 1897 war de Charles Bivort Editeur vun der Fachzäitschrëft Le Salon du Cycle[2].

Op der Héicht vu sengem Erfolleg ernennt de franséische Staatspresident hien zum Chevalier an der Éierelegioun an de Groussherzog vu Lëtzebuerg iwwerreecht him Croix d'officier vum Ordre de la couronne de chêne[1].

Mä schonn du léisst lues awer sécher säin Erfolleg no. 1889, beim Skandal vum Panamakanal verléiert hien e Verméigen. Eng Rëtsch Feelinvestitiounen, wéi eng Ampoulefabréck an eng grouss Wäscherei, hunn hien ëm seng Sue bruecht. Och mat Trüffel- an den Äerdbierkulturen a Südfrankräich konnt hie säi Gléck net méi maachen.

D'Buch Mon village, dat am Joer 1902 zu Paräis publizéiert gouf, sollt säi wichtegst schrëftstellerescht Wierk ginn. An deem huet hie seng Andréck vu senger Kandheet a sengem "Heemechtsduerf" Uewerpallen niddergeschriwwen. Mä e schreift och iwwer d'Geschicht, d'Bräich, d'Relioun, d'Fester an aner Saachen an deem Duerf. Domat ass hie bis haut deen eenzegen, deen eng Monographie iwwer Uewerpallen publizéiert huet.

Sténophile Bivort[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Charles Bivort ëmmer méi schlecht gesinn huet, huet hien ugefaangen eng Stenographéiermaschinn z'entwéckelen[3]. Sou ass de Sténophile Bivort entstanen. Hie konnt sech awer net domat behaapten an den Erfolleg ass ausbliwwen. De blanne Louis-Germain Lejeune huet awer de Potential an der Erfindung vum Bivort gesinn an ugefaangen, dem Bivort seng Erfindung fir Blanner ëmzebauen. Mat Hëllef vum Verwalter vum Atelier vun der Braille-Schoul ass sou de Sténophile-Braille entstanen. Dëse gouf an enger vum Bivort selwer ageriichtener Spezialschoul benotzt. Aus där Maschinn huet de Louis-Germain Lejeune mam Pierre Villey de Sténophile Lejeune-Villey gebaut; de Charles Bivort hat awer doru kee finanziellen Undeel méi[4].

Den 20. August 1873 huet hien d'Lëtzebuergerin Anna Feiereisen bestuet. De 5. Mäerz 1920 ass de Charles Bivort zu Paräis gestuerwen an um Kierfecht Père-Lachaise begruewe ginn.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Bivort, Charles. “Traditions et superstitions du Grand-Duché de Luxembourg.” Revue des traditions populaires 12 (1897): 326-332.
  • Bivort, Charles. Mon Village Oberpallen: Histoire, traditions, usages, mœurs, coutumes, fêtes religieuses et populaires, légendes, métiers, dictons, superstitions, croyances populaires du vieux temps. Paris: Imprimerie de la Bourse de commerce, 1902.

Komplett Lëscht mat senge Publikatiounen op a-z.lu; gekuckt den 21. November 2018

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich, Evy. “Ein Luxemburger erfand die erste Stenographiermaschine für Blinde.” In: Siège social de l'Association des aveugles du Luxembourg, édité par l'Association des aveugles du Luxembourg, 21-23. [S.l.]:[s.n.], 1970.
  • Nilles, Léon N. “Charles Bivort: Prestige in Paris.” Revue 24, Nr. 39 (1968): 36 – 40.
  • Goetzinger, Germaine, und Claude D. Conter, Luxemburger Autorenlexikon. Mersch / Luxemburg: Centre national de littérature, 2007, 63.
  • industrie.lu. Opgeruff den 12. Abrëll 2012
  • (de) Muller, Roger: Bivort, Charles. In: Luxemburger Autorenlexikon. Opgeruff den 12. Abrëll 2012.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Klensch, Jules: Charles Bivort, Auteur du livre "Mon Village". In: Luxemburger Illustrierte, Nr. 9, 1928
  2. Goetzinger, Germaine, und Claude D. Conter, Luxemburger Autorenlexikon. Mersch / Luxemburg: Centre national de littérature, 2007, 63.
  3. Charles Bivort op der Säit vun Industrie.lu
  4. Friedrich, Evy. “Ein Luxemburger erfand die erste Stenographiermaschine für Blinde.” In Siège social de l'Association des aveugles du Luxembourg, édité par Association des aveugles du Luxembourg, [s.l.], 1970, 22-3.