Äerdbier

Vu Wikipedia
Äerdbier
E Moschusäerdbierstack (Fragaria moschata)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung Rosales
Famill Rosaceae
Gattung Äerdbier
Wëssenschaftlechen Numm
Fragaria
L“.
D'Schäifruucht ("Äerdbier")
Déi kleng Nëssercher, d'Akenen, op der Schäifruucht.

D'Äerdbier (Fragaria) sinn eng Gattung an der Ënnerfamill vun de Rosoideae bannent der Famill vun de Rosaceae. Den Numm "Äerbier" gëtt ëmgangssproochlech souwuel fir d'Planz selwer, wéi konkreet och fir déi (wa se zeideg sinn, rout) Schäifriichte gebraucht.

Schonns an der Steenzäit hu se zum mënschleche Kascht gezielt, ma eréischt vum 18. Joerhonnert u goufen an Europa Aarten aus Amerika agefouert, déi méi déck wéi d'Bëschäerdbier sinn, an an de Gäert ugeplanzt ginn.

Aus botanescher Siicht ass d'Äerdbier keng Bier, mä eng sougenannt Sammelnossfruucht: Déi eigentlech Friichte mam Somkär dra sinn déi kleng gielzeg-brong "Nëssercher" (Achenen) op der Schäifruucht.

Et gëtt eng zwanzeg Aarten, déi meescht dovun an den temperéierten Zone vun der Nordhallefkugel, sou wéi eng Aart am Chile (Fragaria chiloensis).

D'Äerdbiere reproduzéiere sech entweeder duerch Ausleefer, d. h. vum Stack vun der Planz wiisst en 30–50 cm laange "Wutz" (Stolo), un deem sengem Enn sech Blieder a Wuerzele bilden, aus deenen en neie Stack ("Rosett") gëtt, oder duerch Somkären, déi duerch Déiere verbreet ginn, déi se friessen (Endochorie), resp. déi, wa s'un der Planz verdréchnen, op de Buedem falen an do ausdreiwen (Barochorie).

Aarten[änneren | Quelltext änneren]

D'Gattung Fragaria besteet aus deenen heiten Aarten an Hybriden:

  • Fragaria chiloensis , "Chile-Äerdbier", nord- a südamerikanesch Pazifikküst, Hawaii
  • Fragaria daltoniana, Himalaya
  • Fragaria iinumae Japan an Ost-Russland
  • Fragaria iturupensis, nëmmen op der Insel Iturup (Kurilen)
  • Fragaria moupinensis, China
  • Fragaria moschata, "Moschus-Äerdbier", Europa
  • Fragaria nilgerrensis, Südost-Asien
  • Fragaria nipponica, Honshu a Yakushima (Japan)
  • Fragaria nubicola, Himalaya
  • Fragaria orientalis, China
  • Fragaria vesca ("Bëschäerdbier"), Europa, Nordasien an Nordamerika
  • Fragaria virginiana, Nordamerika
  • Fragaria viridis, Europa a Mëttelasien
  • Fragaria yezoensis, Kurilen a Sachalin
  • Fragaria × ananassa ("Gaardenäerdbier"), Hybrid aus Chile- a Scharlachäerdbier
  • Fragaria × vescana, Hybrid aus Gaarden- a Bëschäerdbier

Äerdbier gëtt zum Uebst gezielt a ka réi giess ginn, op Taarten als Belag, oder awer mat Zocker zu Gebeess verkacht ginn. Weider fënnt een Äerdbier a Jugurt an a Glacen. Äerdbier muss zeideg sinn, wann et gepléckt gëtt, an hält sech, eemol zeideg, net terribel laang.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Leo Fox, John Langley, Torkild Hinrichsen: Die Erdbeere, Verführung in Rot. Kulturgeschichte einer Frucht aus den Vierlanden. Husum Druck, Husum 2001, ISBN 3-89876-002-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fragaria – Biller, Videoen oder Audiodateien