Kierch Uewerwampech

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vun Uewerwampech
Filialkierch vun Uewerwampech (2014)
Filialkierch vun Uewerwampech (2014)
Uertschaft / Plaz Uewerwampech
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Remakel
Koordinaten 50° 01’ 02.9’’ N
      05° 51’ 28.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Uewerwampech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Uewerwampech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Uewerwampech huet ausser der Parkierch vun Uewerwampech och nach d'Filialkierch vun Allerbuer gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm vun Uewerwampech hänken 3 Klacken déi am Schlagtoun Do#3, Si3, Lab2, och cis‘‘, h‘, gis‘ genannt, lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Uewerwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien