Gallo-réimeschen Tempel Steesel
Iwwerreschter vum gallo-réimeschen Tempel zu Steesel | |
Typ | Réimeschen Tempel, archeologesch Plaz |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Plaz | Steesel |
Adress | op Rëllent |
Koordinaten | 49°40'35,7"N, 6°6'48,7"O |
Epoch | 1. Joerhonnert (julianesch) |
Längt | 60 m |
Breet | 56 m |
Statut | Ausgruewung |
De gallo-réimeschen Tempel vu Steesel läit am Bësch op Rëllent (och nach Roellent oder Reuland), westlech vum Duerf, an ass den zentralen Deel vun enger Tempelanlag aus dem spéiden 1. Joerhonnert.[1] Den Tempel war zu Éiere vun der lokaler gallescher Gottheet Cerunincus opgeriicht ginn, vun där soss esou gutt wéi näischt gewosst ass. Um Site ass bei Konsolidéierungsaarbechten am Summer 1981 eng 12 cm grouss bronze Statu vun deem Gott fonnt ginn.
D'Anlag gouf an der Mëtt vun den 1950er Jore vun enger Privatpersoun entdeckt, an d'Fëllementer goufen tëscht 1957 an 1961 vum Nationalmusée mat Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Arméi ausgegruewen. Déi ugewannt Ausgruewungsmethoden hunn awer den Ufuerderunge vun der moderner Feldarcheologie net entsprach, wat et schwéier gemaach huet, fir de Site wëssenschaftlech ze veraarbechten.
D'Tempelanlag hat hiren Héichpunkt an der 2. Hallschecht vum 4. Joerhonnert. Am fréie 5. Joerhonnert hunn Iwwerfäll vu Germanen, wéi och den Ufank vun der Verbreedung vum Chrëschtentum dozou gefouert, dass d'Tempelanlag opgi gouf.
D'Anlag läit an engem Hang, deen a Richtung Südoste gedréint ass. Se bestoung aus engem Tempel (Temenos) an Niewegebaier, mat ronderëm enger Mauer déi un der baussenzeger Säit ronn 56 × 60 Meter grouss war. Déi ursprénglech Entréeë vun der Tempelanlag louchen am Westen a warscheinlech och op der Südsäit. Op der Nord-, West a Südsäit stounge verschidde Gebaier widder der Baussemauere; ëm wat fir Gebaier et sech gehandelt huet kann net gesot ginn, well déi Beräicher net analyséiert goufen.
E gallo-réimeschen Ëmgangstempel gouf an der nërdlecher Hallschent vun der Anlag ënnersicht. Dës Aart vun Tempel, déi haaptsächlech an de galleschen a germanesche Provënze vu Britannien ze fanne war, bestoung aus engem Raum (Cella) an deem eng Representatioun vun der Gottheet stoung, déi veréiert gouf, an engem Sailegang ronderëm. Baussent dem hellege Beräich stoungen eng Rëtsch profan Gebaier déi – wéi an aneren Anlagen üblech – als Auberge, Paschtoueschhaus oder Bad interpretéiert kënne ginn.
Zu Steesel goufe véier Gebaier ënnersicht, et ass net gewosst, wéivill der nach ënner de Bëschbuedem leien.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 112-113
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gallo-Roman temple at Steinsel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Roman temple Steinsel" op visitluxembourg.com.