Op den Inhalt sprangen

Tricentenaire

Vu Wikipedia
Tricentenaire
De Centre Jean-Heinisch zu Biissen,
Rechtsform Association sans but lucratif
Sëtz Helsem
  1, Rue de la Gare
Presidentin Danièle Faltz
Sekretär Christophe Lesuisse
Tresorier Jean-Claude Jacoby
RCS F5271
Websäit http://www.tricentenaire.lu

Tricentenaire ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi Hëllef fir Leit mat engem Handicap offréiert. D'Associatioun, déi den 8. Juni 1979 vu Vertrieder vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg an d'Liewe geruff gouf, huet hire Sëtz zu Helsem.

Bei der Grënnung huet de Veräin Fondation du Tricentenaire a.s.b.l. geheescht, duerno (1999) Tricentenaire, Association sans but lucratif, reconnue d'utilité publique, services pour personnes handicapées a méi spéit nees Fondation du Tricentenaire. Den aktuellen Numm Tricentenaire gouf de 25 Mäerz 2025 festgeluecht. D'Bezeechnung geet op d'Commemoratioun vum 300. Anniversaire vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vu Lëtzebuerg zeréck[1].

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

Den Tricentenaire bitt Hëllef a follgenden Domainer un:

  • Hebergement;
  • Aktivitéiten an engem spezialiséierte Foyer de jour;
  • Koordinatioun a Prestatioun vun Hëllef a Fleeg;
  • psychosozial Hëllef;
  • Formatioun a Beruff;
  • Sport an aner Fräizäitaktivitéiten;
  • sozial Integratioun.

„L'association a pour objet l'amélioration de la qualité de vie des personnes en situation de handicap et de leurs familles. Dans le cadre de ses activités, elle crée et gére et/ou cogére notamment:

  • plusieurs « Services d'hébergement » (accueils temporaires et en résidence);
  • plusieurs « Services d'Activités de Jour »;
  • un Réseau d'aide et de soins spécialisé dans le domaine du Handicap;
  • plusieurs ateliers d'inclusion professionnelle;
  • plusieurs services de formation;
  • un service de vacances et de loisirs adaptés;
  • tout autre service visant à développer sa mission.

L'association pourra en outre effectuer toutes opérations se rapportant directement ou indirectement à la réalisation de son objet et de ses activités.“

Gebaier vum Tricentenaire

[änneren | Quelltext änneren]
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • 1978: op Initiativ vum deemolege Bistum Lëtzebuerg (haut Äerzbistum) entsteet eng Aarbechtsgrupp déi den 300. Anniversaire vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Patréinesch vu Lëtzebuerg am Joer 1979 virbereede soll. Nodeem d'Iddi vun engem Monument verworf gouf, gouf d'Iddi vun der Kreatioun vun engem soziale Wierk fir handicapéiert Leit zeréckbehalen;
  • Den 8. Juni 1979 gouf d'Associatioun ënner dem Numm Fondation du Tricentenaire a.s.b.l. gegrënnt, mam Zil, de Famillje mat enger handicapéierter Persoun en Accueil temporaire z'offréieren. Den Tricentenaire gëtt Member vun der Entente des gestionnaires des centres d'accueil (EGCA) a vun der Association des directeurs des centres d'accueil (ADCA);
  • 1982 iwwerhëlt den Tricentenaire en Appartement am Foyer Paula-Bové an der Antwerpener Strooss am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem 8 bis 10 Persoune mat engem physeschen Handicap opgeholl kënne ginn;
  • 1985 mécht d'Associatioun de Foyer d'aide aux familles des personnes handicapées physiques zu Walfer op, dee mat Hëllef vun enger Konventioun vun 1983 mam Familljeministère gefouert gëtt. 2006 kritt dëse Foyer mat 22 Better den Numm Foyer d'aide aux familles Emile-Künsch;
  • 1988 an 1993: den Tricentenaire gëtt Grënnungsmember vun der Associatioun Wunnengshëllef (1988) vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg a vun der Associatioun Info-Handicap (1993).
  • 1996 mécht d'Résidence pour personnes handicapées physiques am Park beim Schlass zu Heeschdref op. D'Haus krut 2006 den Numm Résidence Nico-Kremer an huet 38 Awunner.
  • 1997 gëtt den Tricentenaire Grënnungsmember vun der Associatioun Prestataires d'aides et de soins d'inspiration chrétienne (PASC) an domat och vun der Confédération luxembourgeoise des prestataires dans les domaines de prévention, d'aide et de soins aux personnes dépendantes (COPAS);
  • 1998 entsteet de Réseau Tricentenaire-Hëllef Handicap, deen eng Hëllef fir Handicapéiert doheem ubitt;
  • 1999 gëtt den Tricentenaire Member vun der Association de recherche et de formation sur l'insertion en Europe (ARFIE);
  • 2005 kritt den Tricentenaire den ëffentlechen Notzen (utilité publique) zouerkannt (Arrêté grand-ducal vum 14. Januar 2005). Am selwechte Joer ass den Tricentenaire, zesumme mat zwou aneren Associatiounen, Matgrënner vun der Associatioun resAH, déi eng pluridisziplinär Hëllef fir handicapéiert Leit offréiert;
  • 2006 grënnt den Tricentenaire, zesumme mat der Associatioun Maredoc, d'Sociétéit Tridoc s.a., fir d'Cogestioun vun enger zentraler Kichen zu Heeschdref;
  • Zu Pretten mécht d'Résidence A Pultz, déi vum Tricentenaire gefouert gëtt, seng Diere fir 12 Awunner op;
  • 2007: d'Associatiounen Agedoc, Sedec, Maredoc an Tricentenaire regruppéiere sech an enger neier juristescher Entitéit[Wien?], fir hir gemeinsam Projeten ze geréieren;
  • 2008: Start vum Projet „321 Vakanz“, dee Vakanze plangt, déi op Mënsche mat enger Behënnerung ausgeriicht sinn;
  • 2009: Grënnung vun der Kooperativ Coop300, fir d'Gestioun vun den Atelier-protégéë vum Tricentenaire, an deene 40 Persoune schaffe kënnen;
  • De Centre Jean-Heinisch zu Biisse mécht seng Diere fir 60 Leit op. Den Zenter organiséiert Dagesaktivitéite fir handicapéiert Leit, Formatioune fir Begleetpersonen an Atelier-protégéë fir Leit mat engem Handicap. Am Centre de propédeutique professionnelle kënnen néng Persounen ausgebilt ginn;
  • 2010: den Ausbau vum Foyer Emile-Künsch, eng Residenz, de Pavillon I, fir 8 Persoune mat engem Handicap, mécht seng Dieren am Park zu Heeschdref op;
  • 2011: de Pavillon II geet zu Heeschdref op an huet Plaz fir 8 Persounen;
  • 2011: d'Haus am Bierg zu Walfer geet op an huet Plaz fir 5 Kanner mat Verhalensstéierungen;
  • 2015: Ufank vun de Bauaarbechte fir de Projet „Walferschlass“.
  • 2016: de Bar à chocolat vun der Gesellschaft Chocolats du cœur mécht hir Dieren zu Walfer op;
  • Phas II vum Projet Walferschlass mam Bau vun engem Haus fir 10 Awunner;
  • 2017: De Vakanz- a Fräizäitdéngscht 321 Vakanz plënnert op Walfer an d'Dikrecher Strooss.
Presidente vum Verwaltungsrot
Vun Bis President·in
1979 2021 Mathias Schiltz
2021 haut Danièle Faltz
  • Stand Februar 2017: Websäit vun der Fondatioun Tricentenaire a.s.b.l.
 Commons: Tricentenaire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ruppert Rita, Eine große Familie. Tricentenaire feiert 40-jähriges Bestehen, Luxemburger Wort, 20. 02. 2018, S. 18-19.