Schlass Buerglënster

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Pahyl Hrad.PNG Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Entrée vum Schlass.

D'Buerglënster Schlass steet op enger niddreger Fielskopp an der Buerg.

Beschreiwung vun der Anlag[änneren | Quelltext änneren]

D'Niewegebaier (basse cour oder château inférieur) aus dem 13. Joerhonnert, déi nërdlech dovu louchen, si, bis op eng Entréespaart, haut verschwonnen.

D'Haaptgebai gouf tëscht 1850 an 1968 als Bauerewiese benotzt. Zanterhier ass d'Schlass am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat, deen dat uerg delabréiert a verschampléiert Gebai an de Joren duerno restauréiert huet.

Den 21. Oktober 1982 gouf d'Schlass op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 12. Joerhonnert: Bau vun den eelsten Deeler, de Wierturm, déi romanesch Kapell an d'Réngmauer
  • Ëm 1350: D'Kapell gouf am gotësche Stil ëmgebaut an op der Nordsäit gouf e Buergfrid gebaut
  • Géint Enn vum 14. Joerhonnert - Ufank 15. Joerhonnert: Dat ënnescht Schlass, d'Haus Waldeck, gouf zesumme mat Grief, befestegte Paarten an zwéi Wiertierm fäerdeg gebaut
  • 1542 - 1544: Duerch d'Kricher tëscht dem Karel V. an dem François I. goufen d'Gebaier zum Deel zerstéiert
  • 1548: De Fligel op der Südsäit gouf am Renaissance-Stil nees opgebaut
  • 1682 - 1684: An der Zäit vun der Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg goufe verschidden Deeler vum ënneschte Schlass vu franséischen Truppen ënner dem Maréchal de Bouffers zerstéiert.
  • 1730-1750: D'Barockfassad vum Haaptgebai um Enn vum Éierenhaff gouf vun de Bridder Mungenast gebaut
  • 18. Joerhonnert - 20. Joerhonnert: D'Schlass huet e puermol de Proprietär gewiesselt bis et an e Bauerenhaff transforméiert gouf
  • 1968: De Lëtzebuerger Staat huet d'Schlass kaaft a Restauratiounsaarbechten ausféieren gelooss, déi 1988 fäerdeg goufen

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Milmeister, Jean, 1974. Burglinster, Burgherren und Bürger. pp. 31–38 in: 50e anniversaire / Sapeurs-pompiers Bourglinster-Imbringen. Luxembourg.
  • Zimmer, John, 1996. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 2: Die Burgen von A-Z. Editions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-919883-07-0.
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 3. Das Schloss Burglinster. S. 30-39, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bourglinster Castle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 25. Oktober 2018).