Jean-Baptiste Madou

Vu Wikipedia
De Jean-Baptiste Madou (1836)
Lithographie vum Schlass vu Buerglënster

De Jean-Baptiste Madou, gebuer den 3. Februar 1796 zu Bréissel, an do gestuerwen den 3. Abrëll 1877, war e belsche Moler a Lithograph, deen der klassescher belscher Schoul zougerechent gëtt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war e Schüler vum Joseph François op der Akademie zu Bréissel. Tëscht 1814 an 1818 war hie Beamten am Finanzministère a bis 1820 Topograph am Déngscht vum Krichsministère. Den Editeur Jobard gouf dunn op hien opmierksam an huet en als Lithograph agestallt fir Kaarten, Buchillustratiounen, Vignetten a Portraiten. Géint 1830 publizéiert de Madou Portraiten a Serië vu Lithographien zu Bréissel an zu Paräis, zum Beispill d'Faubourge vu Bréissel (1831), duerch déi hie fir d'éischt bekannt gouf. Säi Ruff gouf du confirméiert duerch d'Publikatioun La physionomie de la société en Europe depuis 1400 jusqu'à nos jours (1836), mat Lithographien no sengen eegenen Aquarellen, fir déi hien 1836 d'Goldmedail um Salon de Bruxelles kritt. A sengem Follgewierk Scènes de la vie des peintres des écoles flamandes et hollandaises (1842) kënnt dem Madou seng Virléift fir historesch Rekonstruktiounen zum Virschäin, déi sech vun do un och a senge Biller bemierkbar maachen, déi Genreszeenen aus dem 18. Joerhonnert duerstellen. Si stellen dacks Tavernen duer oder Massenszeenen, an deenen hien e Grapp voll Humor agestreet huet.

De Jean-Baptiste Madou läit um Kierfecht vu Saint-Josse-ten-Noode zu Bréissel begruewen.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Bicher si vum Madou illustréiert ginn:

  • 1825: Jean-Joseph de Cloet, Voyage pittoresque dans le Royaume des Pays-Bas, Bruxelles, Jobard.
  • 1831: Les Environs de Bruxelles
  • 1836: La physionomie de la société en Europe depuis 1400 jusqu'à nos jours
  • 1839: Benoit, P.J., Voyage à Surinam. Description des possessions Néerlandaises dans la Guyane. Cent dessins pris sur nature. Lithographies par Madou et Lauters, Bruxelles, Société des Beaux-Arts.
  • 1839: Les Belges peints par eux-mêmes
  • 1842: Scènes de la vie des Peintres des Écoles flamandes et hollandaises

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berko, P. & V., 1981. Dictionnaire des peintres belges nés entre 1750 et 1875. Éditions Laconti, Bruxelles. pp. 443–445.
  • Stappaerts, Félix, 1879. Notice sur Jean-Baptiste Madou, artiste peintre. Bruxelles: Académie Royale de Belgique. 54 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Baptiste Madou – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]