Sproochpolitik

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sproochpolitik ass:

  • Politesch Moossnamen, virun allem a multilinguale Länner, déi op d'Aféierung, d'Entwécklung an Duerchsetze vun eenzele Sprooche geriicht sinn.
  • D'Kontroll a Beaflossung vum ëffentleche Sproochgebrauch, och duerch Strofen a Sanktiounen.

Beispiller:

    • D'Unerkennung vun Amts- an Aarbechtssproochen an internationalen Organisatiounen.
    • Schoulsproochepolitik (Reegelungen, déi d'Sproochen, déi an der Schoul solle geléiert ginn, uginn)
  • vgl. d'Sproochpolitik zu der Zäit vum Nationalsozialismus oder och Bespiller vun haut: Ethnische Säuberung amplaz Völkermord; Luftschlag amplaz Bombenkrieg

Sproochpolitik zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Situatioun vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, a speziell d'Roll vum Lëtzebuergeschen, als eng Sprooch, déi prioritär geschwat gëtt, maachen eng national Sproochpolitik noutwenneg.

Dat wuel bescht Beispill fir Sproochpolitik, ass d'Sproochegesetz vun 1984, wat an där Form eigentlech eenzegaarteg ass.

Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL)[änneren | Quelltext änneren]

De CPLL ass eng staatlech Institutioun, déi hiren Zweck selwer sou beschreift:

"De CPLL iwwerwaacht d'Lëtzebuerger Sprooch an huet als besonnesch Missioun, d'Sprooch ze studéieren, se schrëftlech festzehalen an ze verbreeden. Hien organiséiert Aarbecht vu verschiddenen Aarbechtsgruppen, déi vun der Regierung ugestallt goufen, fir nei Lëtzebuerger Dictionnairen auszeschaffen an och soss dofir ze suergen, datt d'Lëtzebuerger Sprooch méi bekannt gemaach gëtt" (CPLL.1998. Règlement grand-ducal)

  • Gegrënnt ginn de 5. Januar 1998 (am Zesummenhang mam Sproochegesetz vun 1984).
  • Gegrënnt vum Ministère de la Culture, de l'Enseignement supérieur et de la Recherche.
  • Sëtz am CNL zu Miersch

Projeten