Dräifaltegkeetskierch zu Walfer
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Walfer (2005 | ||||
Uertschaft / Plaz | Walfer | |||
Par | Steesel-Walfer Sainte-Trinité | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Dräifaltegkeet | |||
Architekt(en) | Eberhard | |||
Baujoer | 1867[1] | |||
Koordinaten | 48° 39’ 31.91’’ N 06° 07’ 57.88’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Walfer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Steesel–Walfer Sainte-Trinité, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Walfer gehéiert.
D'Kierch ass der Helleger Dräifaltegkeet geweit, als Niewepatréiner wierkt den hellege Georges.[1]
Se steet an der rue de la Gare, dem CR125, no beim Rond-point mat der N7. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Duerch en Dekreet vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vu Lëtzebuerg vum 3. November 1843 goufe Walfer, Bäreldeng an Helsem vun der Par Steesel ofgetrennt, fir eng eege Par ze sinn. Eng Ordonanz vum deemolege Bëschof Jean-Théodore Laurent gouf den 21. November 1843 publizéiert an doropshi gouf de Michel Conzemius den éischte Paschtouer vun der neier Par. Mat engem Dekreet vum Äerzbëschof Fernand Franck vum 1. Oktober 2002 goufen déi zwou Paren, Walfer a Steesel zum Parverband Steesel-Walfer zesummegeschloss.
D'Kierchegebai
[änneren | Quelltext änneren]Déi haiteg Walfer Kierch gouf an de Joren 1845 bis 1848 no Pläng vum "Architecte provincial" Eberhard gebaut. Den 3. Juli 1867 gouf se vum deemolegen Apostolesche Vikar Nicolas Adames konsekréiert.
2011 gouf d'Kierch fir d'lescht renovéiert. Dobäi goufen d'Wandmolereien, déi den däitsche Kierchemoler Gerhard Lamers 1903 gemaacht hat, nees fräigeluecht. Se waren 1968, mat engem groussen Deel vum Mobiliar, Affer vun der "Billerstiermerei" ginn, déi no der Liturgiereform vum Zweete Vatikanesche Konzil agesat hat.[1]
Kierch vu bannen
[änneren | Quelltext änneren]-
De Chouer (2005)
-
D'Kräiz vum Kënschtler Ben Heyart iwwer dem Chouer (2005)
-
De Chouer (2016)
-
Molerei am Chouer (2016)
-
Molerei am Chouer (2016)
Statuen
[änneren | Quelltext änneren]Virun der Kierch
[änneren | Quelltext änneren]Zwou Bronzestatuen:
- den Hl. Maximilian Kolbe
- d'Hl. Theresia vu Lisieux
D'Statue si vun der Marie-Josée Kerschen entworf ginn.
An der Kierch
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem Duxall stinn zwou Holzstatue vum Barthélemy Namur, déi bis 1985 an den Nische virun der Kierch stoungen, a wou duerno déi nei Bronzestatuen opgestallt goufen.
Et sinn:
- den Hl. Ignatius vu Loyola
- an den Hl. Franz-Xaver
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dräifaltegkeetskierch zu Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Steesel-Walfer
- D'Fënstere vun der Kierch vu Walfer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu