Diskussioun:Jean-Antoine Zinnen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Vu datt ech an dësem Artikel souwuel "Staadter" wéi "stater" gesinn hunn: wéi ass et dann elo? Sécher ass, datt "städtisch" mat "stater" iwwersat gëtt. Do fält dach och de Fall vun der Stad Lëtzebuerg drënner, oder? --Otets 00:10, 12 Mee 2005 (UTC)

'Nowend Otets!

Tjo, wat ass elo méi besser gutt??

"Stad" gëtt bekanntlech mat engem "d" hanne geschriwwen, deen, well mär aussproochméisseg d'"Auslautverhäerdunge" praktizéieren, als stëmmlosen [t] ausgeschwat gëtt. D'Ofleedung mam Suffix "-er" misst deemno "*Stader" sinn, wéinst der Aussprooch mam [t] gëtt dat awer "Stater" ausgeschwat. D'Fro ass: schreiwer mer dat elo och esou, oder bleiwe mer bei der Graphie, déi sech um Wuertstamm ustäipt, quitte, dass dann en 't' derbäi kënnt, an deementspriechend den "a", dee jo laang ausgeschwat gëtt, verduebelt gëtt, als "Staadter"? Ech hu bis ewell déi lescht Léisung méi plausibel fonnt ("stater" am Text muss mer 'eragerutscht' sinn;-)

Mee "Stater" gesäit elo och net esou onméiglech aus, dass et mer Hingerhaut giff maachen. Ech giff soen: loosse mer deene zwéin eng Chance...

--21:24, 12 Mee 2005 (UTC)~

Zuguer eisen DLW ass do net pipeg: die städtischen Busse: d'städtesch Bussen ODER d'stater Bussen. --Cornischong 22:07, 12 Mee 2005 (UTC)

Da loosse mer dobäi bleiwem. Just nach eng Remarque: den DLW ass vläicht net pipeg, mee e schwätzt just vu "städtesch" a vu "stater", mee net vu "Staadter". --Otets 09:12, 13 Mee 2005 (UTC)


Gudde Moien
1852 gëtt den Zinnen Direkter vun der Stadmusek vun der Stad Lëtzebuerg a kuerz drop Direkter vum nei gegrënnte stater Conservatoire. Déi Joren dono huet hie sech ganz fir d'Musek agesat; hien huet verschidde Gesanks- a Museksveräiner uerchter d'Land geleet.
Am Artikel iwwer de Conservatoire steet datt en eréischt no 1900 gegrënnt gouf. Wéi ass dat da méiglech Les Meloures 15:30, 31 Januar 2007 (UTC)

De Feierwon[Quelltext änneren]

Moien,

Bei de Logebridder schreiwe se datt den Zinnen och de Feierwon vertount hätt: Noch heute singt der Luxemburger die beiden Texte, welche er vertont hat: „de Feierwon“ und „Ons Hémecht“ (die Luxemburger Nationalhymne).. Vläit wees do ee méi. --Jwh (Diskussioun) 23:30, 24. Feb. 2014 (UTC)