Op den Inhalt sprangen

Pierre Nimax Sr.

Vu Wikipedia
Pierre Nimax Sr.
Gebuer 22. September 1930
Bouneweg
Gestuerwen 19. Januar 2021
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Pianist, Musekolog, Komponist
Famill
Kanner Pierre Nimax Jr

De Pierre „Pit“ Nimax senior, gebuer als Pierre Albert Marie Nimax den 22. September 1930 zu Bouneweg, a gestuerwen den 19. Januar 2021 zu Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergesche Komponist an Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek.

Nieft sengem Beruff war hien awer stänneg an anere musikalesche Beräicher aktiv, sief et als Pianist, Organist, Sänger, Chouer- an Orchesterdirigent, Musekspedagog, Pianosbegleeder, Repetiteur, Leeder vu Museksschoulen, Manager oder Auteur vu musikalesche Léierbicher.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Nimax gouf als zweet vu sechs Kanner an der Aarbechterfamill Nimax-Stein zu Bouneweg gebuer. Seng Mamm huet Zither gespillt an dem Pierre seng musikalesch Ambitiounen encouragéiert. Dem Pierre Nimax seng Kandheet gouf vun der Nazibesatzung gepräägt, a seng Jugend duerch d'Entbierunge vun der Nokrichszäit.

Am Juni 1944 wollt den Nimax zu Peppeng den Opnamexame fir Schoulmeeschter maachen, gouf awer net zougelooss, well en net Member an der Hitlerjugend war. Nodeems den Naziokkupant d'Land am September 1944 verlooss hat, ass de Pierre Nimax ee Joer laang an der Stater Kolléisch gaangen an dat Joer drop an d'Industrieschoul. 1946 huet hie mam Lycée opgehalen.

Hien huet sech als Barpianist, Organist a Chouerdirigent iwwer Waasser gehalen a sou seng musikalesch Ausbildung finanzéiert.

Zënter 1945 huet den Nimax Piano, Uergel an Harmonie beim Albert Leblanc geléiert. Aus dem Joer 1945 staamt och seng fréist iwwerliwwert Kompositioun, e kuerze Requiem fir e gemëschte Chouer.

Vun 1949 bis 1951 war hien Organist an der Iechternacher Basilika, a vun 1951 bis 1954 an der Mäerteskierch zu Diddeleng. 1954 gouf hie Professer fir Piano, Pianosbegleedung a Solfège um Stater Conservatoire; an deem Joer huet en och Coursen am Dirigéiere beim Henri Pensis geholl.

Tëscht 1952 an 1956 huet en eng Pianosformatioun zu Köln beim Georg Ledderhose absolvéiert.

Vun 1956 bis 1971 war de Pierre Nimax Organist an der Paroisse européenne. Hien huet och nach zwou Formatiounen an Däitschland gemaach: vun Abrëll 1958 bis Juli 1959 Blosorchesterleedung beim Willy Schneider zu Trossingen a vun Abrëll bis Juni 1958 Piano zu Köln.

Nodeems den Henri Pensis den 1. Juni 1958 gestuerwe war, huet den Nimax seng Formatioun fir ze dirigéiere beim Louis de Froment fäerdeg gemaach. Am Joer 1959 huet den Nimax den Trio Ad Artem gegrënnt an e gouf Member an der Theatergrupp Les compagnons de la scène (méi spéit: Letzebuerger[sic] Theater)

Am Joer 1962 huet d'Patent fir seng Erfindung vum „Piano am Dirigentepult“ ugemellt. Dat selwecht Joer gouf de Männerchouer Quatuor vocal du Luxembourg gegrënnt. 1968 war d'Grënnung vum Trio Academus.

Dem Nimax seng musikalesch Interessen an Ambitioune waren esou grouss, datt hien eréischt mam Studium opgehalen huet, wéi e säin Dirigentdiplom um Conservatoire royal zu Bréissel krut an 1971 Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek gouf, wat och den Héichpunkt vu senger berufflecher Karriär war; hie blouf hiren Dirigent bis 1986. De Pierre Nimax war den éischten Dirigent vun der Militärmusek deen net aus der Arméi koum.

Den 19. September 1971 huet hie mat der Militärmusek den éischten ëffentleche Concert op der Plëss gespillt. Vun 1972 bis 1977 war hien Direkter vun der Ettelbrécker Museksschoul. 1969 huet hie mat der amerikanescher Violonistin Mary Lou Galen e Kammermusek-Duo gegrënnt; si haten den 20. Juli 1971 hiren éischte Concert zu Iechternach[3].

1979 ass de Piere Nimax mam Quatour vocal op eng Tournée duerch Amerika gereest. Op Nationalfeierdag 1979 gouf hien „Haffkapellmeeschter“ genannt.

Am Juli 1987 huet den Nimax fir d'Ouverture vun der Lëtzebuerger Botschaft a Japan e Concert zu Tokio gespillt.1989 war hie Matgrënner vum Lëtzebuerger Männerkouer[sic] 1989 vun deem hien artisteschen Direkter war.

Am Joer 2000 gouf et fir dem Nimax säi 70. Gebuertsdag e Galaconcert am Stater Conservatoire. 2001 huet hien den Nimax den Duo Mallach-Nimax op d'Bee gestallt an am Oktober vun deem Joer huet hien zu Éiere vun der groussherzoglecher Famill 600 Sänger vun der UGDA dirigéiert.

2019 huet de Pierre Nimax seng lescht Kompositioun (Feundliche Liebschaft) fäerdeg geschriwwen; am Dezember vun deem Joer ass hien an d'Fondatioun Pescatore geplënnert. Den 12. Abrëll 2020 huet hie säi leschte Pianosrecital gespillt.

De Pierre Nimax ass den 19. Januar 2021 am Pescatore gestuerwen.

De Pierre Nimax ass den 21. September 1953 an der Kathedral mat der Irène Besenius (1928-2014) bestuet ginn. D'Koppel krut 2 Kanner: d'Liane (*7. Oktober 1954) an de Pierre (*7. Mee 1961).

Wierker (kleng Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Glécksschlëssel (1952)
  • De Besuch um Wudderhaff (1961) - Uropféierung den 28. November 1961
  • Hop Marjänn (Musical) - Uropféierung den 21. Dezember 1980
  • Ligebarong (Musical) - Uropféierung den 3. November 1985
  • Hommage à Robert Schumann (1985)

Kuckt Um Spaweck fir eng komplett Lëscht.

  • Nimax, P. (1961). Chorerziehung : (praktische Winke). 1861-1961, 1861-1961. - Dommeldange : Société chorale grand-ducale, 1961 P. 112-114, ill.
  • Nimax, P. (2001). Die Luxemburger Militärkapelle : 1842 - 2001. Ons Stad, Ons Stad. - Luxembourg N° 67 (juillet 2001), p. 4-10, ill.
  • Nimax, P. (2015). Variationen über "Mäi Wéngert" (2014). Das Moseltal : Dichtung – Malerei – Musik, Das Moseltal : Dichtung – Malerei – Musik Trier : Michael Weyand, 2015 p. 328-329.
  • Pierre Nimax,. In: d'Letzeburger Land, 30. Jg., nº 45 (11.11.1983), S. 2.
  • Hanlet, H. (1972). Militärkapellmeister Pierre Nimax. Revue, Revue. - Luxembourg Jg. 28(1972), Nr. 26, p. 76-77, ill.
  • Thierry Hick, Daniel Conrad. (2021) Im Einsatz für die Musik und die Musiker. Luxemburger Wort, 23.01.2021, S. 27
  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek Artikel: Pierre Nimax (*1930) Säiten 142- 145
  • Orchesterchef vum Haff
  • Wou net anescht uginn: Informationspannoen an der Ausstellung „Pierre Nimax sen. – Zwischen Tasten und Taktstock“ an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (30.06.2025-17.01.2026)

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dirigent Pierre Nimax verstorben, Luxemburger Wort vum 23. Januar 2020, S.1
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26. Januar 2021
  3. (fr) Belle soirée de musique de chambre Premier concert du Duo Galen-Nimax. Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 175, p. 4. (31.07.1976). Gekuckt den 13.08.2025.