Pierre Nimax Jr.

Vu Wikipedia
Pierre Nimax Jr.
Gebuer 7. Mee 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist
Famill
Papp Pierre Nimax Sr.


De Pierre Nimax junior, gebuer de 7. Mee 1961 an der Stad Lëtzebuerg[1],[2], ass e lëtzebuergesche Museker. Hien ass bekannt als Dirigent, Komponist an Organist.

Die Pierre Nimax ass Professer fir Kierchemusek um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. 1993 huet hien de Jongechouer Pueri Cantores um Stater Conservatoire gegrënnt.

De Pierre Nimax jr. gëtt Concerten als Solist op der Uergel an als Chouerdirigent zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Hien huet Wierker fir d'Uergel a Stécker fir Kammermusek a fir de Chouer komponéiert.

De Pierre Nimax ass de Jong vum Pierre Nimax Sr.

Studien a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Nimax huet ugefaange Musek ze léiere bei sengem Papp, dem Pierre Nimax Sr., dem Albert Leblanc an dem Pierre Drauth. Duerno huet hien um Conservatoire royal de musique de Bruxelles studéiert, wou hien ë. a. en Éischte Präis an der Uergel gemaach huet.

Op der Hochschule für Musik Rheinland zu Köln huet hien eng Spezialisatioun an der Kierchemusek gemaach. Um Conservatoire vun der Stad Lëztebuerg huet hi Kompositioun beim Alex Mullenbach geléiert.

De Pierre Nimax Jr op der Haupt-Rieger-Uergel an der Kathedral

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Nimax Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon 2006 S. 318
  2. Websäit vun der LGNM, gekuckt den 2. September 2012.