Willy Dumont

Vu Wikipedia
Willy Dumont
Gebuer 29. Februar 1880
Hamm
Gestuerwen 24. Januar 1956
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dramatiker, Gäertner

De Willy Dumont, gebuer den 29. Februar 1880 zu Hamm, a gestuerwen de 24. Januar 1956 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Gäertner a Volleksschrëftsteller.

Fir Gäertnerei ze léieren, koum de Willy Dumont no der Primärschoul op d'Schläifmillen, bei d'Bridder Godchaux. Du krut en eng Aarbecht zu Wëntreng a beim Blummegäertner Wenandy um Lampertsbierg. No siwe Joer am Ausland koum den Dumont nees heem a krut eng Ustellung bei enger Herrschaft op der Schläifmillen. No 13 Joer als Gäertner an der Stëftung Pescatore huet de Willy Dumont sech selbstänneg gemaach.

Dem Willy Dumont säi léifsten Zäitverdreif war awer den Theater. Nodeem hien aus der Friemd zeréck war huet en een Theaterensembel gegrënnt an en huet ugefaangen, Stécker ze schreiwen. Den Dumont war ni en Intellektuellen; hie léisst sech am beschten als Volleksschrëftsteller klasséieren.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Hierzelêd. Kamméidistéck an 3 Akte mat Gesank, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen Verlag
  • Teschend zwê Feier. Operett mat Gesank an 3 Akten, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen Verlag, 1916
  • Sei leschte Wonsch. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Worré, 1927
  • Hiert Gleck. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen Verlag, 1918
  • Onst déglecht Bro't. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen, 1918
  • Verkuebelt. Operett an 2 Akte fir Jofferevereiner, Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen, 1918
  • E Mammenhierz, Operett a 4 Akten an eng Verwandlung, Musek vum Fernand Mertens, Linden & Hansen, 1918
  • Um Hêmwé. Operett an 2 Akten, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen, 1919
  • Onro'ech Hierzer Volleksstéck a 4 Akten an ên Tablo, Musek vum Gust Kahnt, Worré, 1920
  • Mönschefrenn. Vollekstéck an 3 Akte mat Gesank, Musek vum Gust Kahnt an Nic. Biever, Worré, 1921
  • Gehânskuenkelcher. Trauerspill mat Gesank an engem Akt, Musek vum Fernand Mertens, Worré, 1924
  • Am Karschnatz. Vollekstéck an 3 Akte mat Gesank an ên Tablo, Musek vum Pol Albrecht
  • D'Nuechtegailchen. Volleksstéck an 3 Akten an 1 Tablo, Musek vum Pol Albrecht
  • E Fre'op. Vollekstéck a 4 Akte mat Gesank an 2 Biller, Musek vum Pol Albrecht

Um Spaxeck[änneren | Quelltext änneren]