D'Wonner vu Spéisbech

Vu Wikipedia

D'Wonner vu Spéisbech, oder an der deemoleger Schreifweis 't Wonner vu Spe'sbech,[1] ass eng Operett vum Batty Weber aus dem Joer 1915.[2] Si huet véier Akten. D'Musek huet de Fernand Mertens geschriwwen.

Synopsis[änneren | Quelltext änneren]

Am Atelier vum Professer a Sculpteur Max Roller an der Handwierkerschoul steet enges Daags den Hane Péip vu Spéisbech fir e Monument un de verstuerwene Kommandant vun de lokale Pompjeeën ze bestellen. Si gi sech eens, datt dat Monument eng Fraefigur sollt sinn, déi d'Feier géif representéieren. Dem Roller seng Frëndin Olly, an déi sech den Hane Péip direkt verléift, steet Modell.

Kuerz drop kënnt eng aner jonk Fra an d'Schoul, d'Anna Gärtner, a bitt sech als Modell un. D'Anna ass zwar Amerikanerin, mee hat si hat de Max schonn als Kand begéint a sech an hie verléift. Zënterhier hate si sech net méi gesinn, an de Max erkennt hatt och net. Trotzdeem verléift hie sech an d'Anna, hëlt hatt als Modell a gëtt dem Olly de Kuerf.

Wéi d'Monument fäerdeg ass, wëll de Max dem Anna soen, datt hien hatt gär huet. Dat ass antëscht awer aarm ginn, schummt sech dowéinst a leeft fort. Den Dag virun der Aweiung gëtt d'Monument opgestallt. Dem Max säin Häerz ass nach ëmmer gebrach. Den Owend virun der Aweiung schläicht hie sech bei d'Statu, fir déi d'Anna Modell gestanen huet, fir hir e Kuss ze ginn. Du kënnt awer och den Hane Péip, deen an der Statu säin Olly gesäit. De Max Roller, deen där Zeen vun der Säit aus nogekuckt huet, kënnt ervir an zerschléit d'Statu mat engem Hummer.

Da kommen dem Max seng Schüler a Schülerinnen ervir. Si wëssen, datt de Max an d'Anna verléift ass, mä si wëssen och, datt d'Anna, dat an Tëschenzäit erëm räich ginn ass, zu Spéisbech ass. Si komme mat enger Iddi, fir datt d'Monument trotzdeem kann ageweit ginn. D'Anna kritt de Kostüm ugedoen, an deem et Modell gestanen hat, a gëtt amplaz vun der Skulptur op de Podest gestallt.

Wärend der Aweiung, virun dem ganze Vollek, de Pompjeeën, der Musek, de Regierungsvertrieder an dem Gemengerot, fänkt d'Anna u mat schwätzen an erkläert dem Max seng Léift. Zur selwechter Zäit trëtt d'Olly als Fra vum Hane Péip op. De gléckleche Max Roller versprécht den erstaunten Zuschauer en neit Monument.[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wonner vu Spéisbech hat seng Première den 12. Juli 1915 am Theater vun der Stad Lëtzebuerg. D'Schauspilltrupp war d'Compagnie Les enfants de Luxembourg an de Gust. Simon huet Regie gefouert. Een Ticket huet tëscht engem hallwen a 5 Frang kascht.[3][4]

D'Wierk war beim Publikum a bei der Press e groussen Erfolleg.

Et gouf och an d'Franséischt iwwersat. Et war keng direkt Iwwersetzung, mee d'Wierk gouf och adaptéiert an ënnert dem Titel La mare aux grenouilles zu Bréissel opgefouert.[5][6]

Och an de Joren duerno ass d'Operett onreegelméisseg, awer iwwer e Jorzéngten, opgeféiert ginn.

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Lidder an der Operette gehéieren:

  • Vill schéi Meedercher a Fraen[7]
  • Komm nach een Bees, mäin häerzegt Kand[7]
  • Mäin Häerz dat klappt voll Angscht a Freed[8]
  • Fantaisie (Instrumental)[8]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

"'t Wonner vu Spe'sbech"[...] ist nichts weniger als eine richtiggehende Operette nach Art der so erfolgreichen Wiener Erzeugnisse. Batty Weder hat das traditionelle Geleise des Luxemburger Volksstückes verlassen und einen übermütigen Schwank geschaffen, der, ins Hochdeutsche übertragen, sich sehr wohl neben dem Libretto des Grafen von Luxemburg, der Dollarprinzessin, dem Lieben Augustin usw. sehen lassen könnte. Die Musik von Mertens ist nicht gerade so umfangreich wie die jener Operetten, aber sie hat ebensoviel Stimmung und Glanz.

Diese Operette ist das Beste was wir in dieser Gattung aufzuweisen haben. [...] Die Schöpfung von Batty Weber und Mertens will eine luxemburgische Operette sein und ist eine solche. Sie ist einsweilen unser einziges Operettenprunkstück bis... ja bis die beiden feinen und wertvollen Männer uns eine zweite bescheren [...]

Wir [...] erwarten weder spannungsträchtige Dramatik noch psychologisch konsequente Entwicklung, noch Gefühls- oder Geistestiefe. Wir erfreuen uns vielmehr doppelt an der prickelnden und turbulenten Unwahrscheinlichkeit des Geschehens und an dem ironischen Schalkteufeichen, das hinter jedem Wort hervorlugt und seinen Schabernack mit den Mensehen und Dingen treibt. Das gelingt uns umso eher, als der Komponist F. Mertens dem heiteren Musenkind ein leichtgeschürztes und herziges Tongewand umgehangen hat. Mertens verzichtet gänzlich auf die Synkope als rhythmisches Mittel: er verwendet in glücklicher Weise das Walzertempo wie kein anderer unserer einheimischen Operettenkomponisiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. An der Press vun deemols och nach esou geschriwwen: T'Wonner fû Spéssbech (Escher Tageblatt vum 16. Juli 1915, Säit 4) an 't Wonner vu Spe'sbëch (Luxemburger Autorenlexikon)
  2. D'Wierk an der Bibliothéikendatebank a-z.lu
  3. 3,0 3,1 3,2 Obermosel-Zeitung: Wonner vu Spe'sbëch Chronik aus der Hauptstadt. Luxemburg, 13. Juli., 13. Juli 1915
  4. Annonce fir d'Première am Escher Tageblatt vum 16. Juli 1915, Säit 4
  5. Luxemburger Wort: Lokales, 18. Februar 1921, Säit 3
  6. Jong-Hémecht: Batty Weber - Sein dramatisches Schaffen. Mäerz-Abrëll 1927, No 5-6, Säit 113
  7. 7,0 7,1 Obermosel-Zeitung: Radioprogramme Radio-Luxemburg Programm vun der Lëtzebuerger Stonn, 21. Mäerz 1936, Säit 3
  8. 8,0 8,1 Obermosel-Zeitung: : Radioprogramme Radio-Luxemburg Programm vun der Lëtzebuerger Halefstonn, 27. November 1936, Säit 8
  9. Escher Tageblatt: Concert. Théâtre et Cinéma, 13. Mäerz 1923, Säit 2:
  10. Luxemburger Wort: T'Wonner vu Spe'sbech - Aufführung durch den Gesangverein „Lyra" Ettelbrück, 6. Mäerz 1946, Säit 3