Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ((fr) Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, gekierzt CPLL) ass e consultatiivt Organ am Zesummenhang mat der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Zweck vum Conseil

De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass eng Institutioun déi hiren Avis ofgëtt bei Froen iwwer d'Ëmsetze vun der Politik iwwer d'lëtzebuergesch Sprooch. E gëtt och en Avis bei Froen iwwer d'Rechtschreiwung, d'Grammaire, d'Phonetik an de korrekte Gebrauch vum Lëtzebuergeschen of. Doriwwer eraus muss en ëm en Avis gefrot gi bei all Gesetzesprojet oder -propositioun an deem et ëm d'Lëtzebuerger Sprooch geet.

D'Reegelwierker iwwer d'Lëtzebuerger Grammaire a Rechtschreiwung déi vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erausgi ginn, mussen och am Virfeld vum Conseil aviséiert ginn.

Aarbecht vum Conseil[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil huet am Mäerz 2019 e Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl, dat déi bis dohin offiziell Reegelen iwwert d’Orthographie vun der Lëtzebuerger Sprooch[1][2] komplettéiert, andeem ë. a. déi Fäll gereegelt goufen, déi net an den zwéin offiziellen Texter dra stinn.

Fonctionnement vum Conseil[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil setzt sech aus eelef Memberen an eelef Suppleanten zesummen, déi vun der Regierung fir dräi Joer genannt ginn. Et mussen op d'mannst 4 Membere vun all Geschlecht vertruede sinn.

Nieft den effektive Membere kënnen nach Experten de Conseil beroden.

De President vum Conseil gëtt vun der Regierung genannt. D'Myriam Welschbillig huet dës Funktioun am Mäerz 2019 vum Marc Barthelemy iwwerholl[3].

Gesetzlech Basis[änneren | Quelltext änneren]

D'ministeriellt Reglement vun 1998[änneren | Quelltext änneren]

Duerch ministeriellt Reglement gëtt 1998 de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt[4]. D'Membere vum Conseil gi fir e Mandat vu fënnef Joer vum Kulturminister genannt. Hiert Mandat ass erneierbar. D'Kommissioun besteet aus maximal 11 Memberen.

De Conseil permanent huet domat déi sougenannt Dictionnaireskommissioun vun 1992 (Commission du dictionnaire et de l'orthographe de la langue luxembourgeoise) ersat, déi duerch en Arrêté vum 7. Januar 1998 ofgeschaaft gouf[5].

D'groussherzoglecht Reglement vun 1999[änneren | Quelltext änneren]

Dat ministeriellt Reglement vun 1998 gouf duerch dat groussherzoglecht Reglement vun 1999 ofgeschaaft[6].

D'Gesetz vun 2004[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Gesetz iwwer eng nei Organisatioun vun de Kulturinstitutiounen vum Staat[7] gëtt beim Nationale Literaturzentrum de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CCPL) gegrënnt. De CPLL krut als Optrag d'Lëtzebuerger Sprooch ze studéieren, ze beschreiwen a se ze verbreeden. De CPLL ass och zoustänneg fir d'Koordinatioun vun den Aarbechten déi mam Ausschaffe vun de lëtzebuergeschen Dictionnairen ze dinn hunn. D'Kommissioun besteet aus maximal 11 Memberen, déi berufflech mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn, an duerch en "Arrêté grand-ducal" fir e Mandat vun dräi Joer genannt ginn. Hiert Mandat ass erneierbar.

D'groussherzoglecht Reglement vun 2007[änneren | Quelltext änneren]

En neit groussherzoglecht Reglement vum 5. Februar 2007[8] bestëmmt d'Organisatioun vum CPLL an huet d'groussherzoglecht Reglement vum 29. Juli 1999 ofgeschaaft.

D'Gesetz vun 2018[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun 2018[9] ginn dem CPLL seng Ziler a säi Fonctionnement nei definéiert an e kritt och eng offiziell Lëtzebuerger Bezeechnung: „Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch”.

D'Kommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Kommissioun vun 1998[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Memberen déi 1998 genannt goufen:

D'Kommissioun vun 2003[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Memberen déi 2003 genannt goufen:

D'Kommissioun 2007[änneren | Quelltext änneren]

President ass de Georges Wirtgen. Lëscht vun de Memberen déi 2007 genannt goufen[12]:

D'Kommissioun 2010[änneren | Quelltext änneren]

President ass de Georges Wirtgen. Lëscht vun de Memberen déi 2010 genannt goufen[13]:

  • Claude Baché
  • Marc Barthelemy
  • Denise Besch
  • Josy Braun
  • Germaine Goetzinger
  • Lucien Kerger
  • Romain Kieffer
  • Gaby Kunsch
  • Pierre Reding
  • Lex Roth
  • Georges Wirtgen

D'Kommissioun 2013[änneren | Quelltext änneren]

President ass de Marc Barthelemy. Lëscht vun de Memberen déi 2013 genannt goufen[14]:

D'Kommissioun 2016[änneren | Quelltext änneren]

President ass de Marc Barthelemy. Lëscht vun de Memberen déi 2016 genannt goufen[15]:

  • Alain Atten
  • Claude Bache
  • Marc Barthelemy
  • Angèle Gaasch
  • Peter Gilles
  • Claude Kremer
  • Pierre Reding
  • Lex Roth
  • Nora Si Abderrahmane
  • Helmuth Sperl
  • Myriam Welschbillig

D'Kommissioun 2019[änneren | Quelltext änneren]

Presidentin ass d'Myriam Welschbillig[3]. Lëscht vun de Memberen déi 2019 genannt goufen:


Orthographie[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

Am September 2008 huet eng nei Orthographiesgrupp ugefaangen, en aktualiséierten Texte coordonné vun de lëtzebuergeschen Orthographiesreegelen zesummenzesetzen, deen duerno aktualiséiert gehalen an duerch groussherzoglech Reglementer formaliséiert gëtt. Déi Grupp schafft och eng phonetesch Transkriptioun vun der Lëtzebuergescher Sprooch aus. Ausserdeem probéiert se, Léisungen zu Orthographiesproblemer ze fannen, deenen d'Dictionnairesgrupp am Laf vu senger Aarbecht begéint.

Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

2009 soll eng Grammairesgrupp eng ähnlech Aarbecht am Beräich vun der Lëtzebuerger Grammaire maachen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté ministériel du 10 octobre 1975 portant réforme du système officiel d’orthographe luxembourgeoise
  2. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d’orthographe luxembourgeoise
  3. 3,0 3,1 D'Myriam Welschbillig ass nei Presidentin op rtl.lu den 21. Mäerz 2019
  4. Cf. Règlement ministériel du 5 janvier 1998 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 9: 144, 17.02.1998
  5. Arrêté du Gouvernement en conseil du 7 janvier 1998 portant abrogation de l'arrêté du Gouvernement en conseil du 12 juin 1992 portant institution d'une Commission du Dictionnaire et de l'Orthographe de la langue luxembourgeoise
  6. Cf. Règlement grand-ducal du 29 juillet 1999 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 107: 2016, 06.08.1999.
  7. Cf. d'Grënnung vum CPLL am Artikel 24 vum folgende Gesetz: Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat Mémorial A - N° 120: 1798-1810, 15. Juli 2004
  8. Cf. Règlement grand-ducal du 5 février 2007 déterminant l'organisation du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial A n° 19: 502-503, 26.02.2007
  9. Cf. Artikelen 11 an 12 vun der Loi du 20 juillet 2018 portant sur la promotion de la langue luxembourgeoise Mémorial A646 vum 3. August 2018
  10. De Joseph Reisdoerfer, fréiere Member vun der Dictionnaires-Kommissioun vum CPLL, huet no senger Kollaboratioun mat dem CPLL ugefaangen, den Dictionnaire étymologique des éléments français du Luxembourgeois, deen aus zéng Fascicule bestoe soll, ze publizéieren, an dat zesumme mat dem Geneviève Bender-Berland an dem Johannes Kramer vun der Universitéit Tréier.
  11. De lëtzebuergesche Linguist Nico Weber war vun 1998-2003 Member vum CPLL, säi Mandat gouf awer net erneiert. 1999 hat hien de Jérôme Lulling gefrot, fir déi geplangt Reform vun der Lëtzebuerger Schreifweis ze kommentéieren. E puer vu sengen Iddie goufen dann och mat an de finale Règlement grand-ducal vun 1999 opgeholl. Am Joer 2000 huet dunn den CPLL zesumme mam Centre de Recherche Public - Gabriel Lippmann d'Entwécklung vun deem éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht an d'Weeër geleet (Projet CORTINA).
  12. Cf. Arrêté grand-ducal du 5 février 2007 portant nomination des membres du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial B N° 12: 107-108, 26 Februar 2007
  13. Cf. Arrêté grand-ducal du 18 février 2010 portant renouvellement du mandat des membres du Conseil Permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial B N° 23: 363, 12 Mäerz 2010
  14. Cf. Arrêté grand-ducal du 27 juin 2013 portant renouvellement du mandat des membres respectivement nomination de nouveaux membres du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mémorial B N° 71: 1576-1577, 17 Juli 2013
  15. Arrêté grand-ducal du 25 novembre 2016 portant nomination des membres du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.