Cathy Clement
Cathy Clement | |
---|---|
Gebuer |
2. August 1979 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Infirmier, Auteur, Moler |
D'Cathy Clement, gebuer den 2. August 1979 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin a Molerin. Si moolt abstrakt Biller, wou si dacks mat Collagë schafft. Si hat eng grouss Ausstellung zesumme mat der Kënschtlerin Nadine Boor zu Branebuerg an der Aler Millen. Si hält Liesungen a Workshoppen a Lycéeën.
D'Cathy Clement huet zwee Kanner. Si lieft am Norde vum Lëtzebuerger Land a schafft als Infirmière. D'Schreiwen, d'Liesen an d'Mole sinn hir Hobbyen.
Si huet wärend dräi Joer Buchkritike fir RTL Radio Lëtzebuerg gemaach.
Hir Passioun ass Japan. D'Reesen am allgemenge bréngen hir d'Inspiratioun fir nei Bicher, Texter a Biller.
Hir Kuerzgeschicht Mediterranean Cruise gouf op Englesch an Dänesch am Buch Odyssey verëffentlecht.
Si war 2017 fir Lëtzebuerg zesumme mat 38 aneren europäeschen Auteuren zu Aarhus an Dänemark um Hay Festival.[1]
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Aleng, Roman fir Jonker. Op der Lay, 1996. ISBN 978-2-87967-034-8
- Sinus Cosinus, e Roman fir Jonker. Op der Lay, 1998. ISBN 978-2-87967-055-3
- Lene, Roman. Op der Lay, 2002. ISBN 978-2-87967-095-9
- Alles an den Zoo, Roman. Op der Lay, 2007. ISBN 978-2-87967-139-0
- Lafen, bis ech net méi kann (Roman iwwer d'Liewen als Topmodel).
- Bleiwen, wat mir ginn. Éditions St-Paul.
- De Fäert-Uasch -Ze léif fir dës Welt? Éditions Schortgen 2018.
- Schreiet still, ihr Weiber. En Theaterstéck, ausgewielt um Internationaler Stückemarkt, zweemol opgefouert: am Centre national de littérature zu Miersch an am Ancien Cinéma zu Veianen.
- Lies de bal, zesumme mat Henri Losch, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul, Editions Guy Binsfeld, 2014
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Cathy Clement
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- https://web.archive.org/web/20180814101614/https://www.cathy-clement.com/
- D'Cathy Clement am Luxemburger Autorenlexikon [1].
- http://www.aarhus2017.dk/en/international-children-s-literature-festival-hay-festival/quest-and-odyssey/read-excerpts/odyssey/mediterranean-cruise-by-cathy-clement/
- http://www.aarhus2017.dk/media/11733/cathy-clement-interview-uk.pdf