Nico Graf

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nico Graf
Gebuer 1. Januar 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist

Den Nico Graf, gebuer den 1. Januar 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul um Sennengerbierg huet den Nico Graf seng Secondairesstudien an der Internatsschoul vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine gemaach. Do huet hie schonn Gedichter an aner, méi sozialkritesch Texter publizéiert, an zwar an der Zäitschrëft, déi déi grouss Schüler ënner dem zimmlech éiergäizegen Numm Reflets - Blätter für Literatur, Kunst und Politik erausginn hunn. Aner Redakteren an Auteure waren de Jean-Claude Juncker, den Edouard Marc Kayser, de Marc Hess, de Pierre Hack an de Camille Hoffmann.

No sengem Premièresexamen, deen hien 1974 am Lycée Michel-Rodange an der Stad geschriwwen hat, ass den Nico Graf d'éischt an de Centre universitaire de Luxembourg an dunn op d'Universitéit vu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiere gaangen. Duerno huet hien eng Zäitchen als Journalist an als Auteur fir de Saarlännesche Radio geschafft. No e puer Joer zu Rheinfelden, wou hie fir de Südwestfunk geschafft hat, ass den Nico Graf op Hamburg gezunn, wou hie vun 1992 bis 2001 Reportage fir den ARD a fir den NDR gemaach huet. Duerno huet hien nach zu Tréier fir den SWR, den SR an den Deutschlandfunk geschriwwen a produzéiert, ier hien 2004 Redakter an Investigatiounsjournalist bei RTL Radio Lëtzebuerg gouf.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Germaine Goetzinger & Claude D. Conter (+ Mataarbechter), Luxemburger Autorenlexikon; Nationale Literaturzentrum, Miersch, 2007; Ss. 214-215.
  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 37-40

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nico Graf – Biller, Videoen oder Audiodateien