Meewäin

Vu Wikipedia

Meewäin ass e Roman op Lëtzebuergesch vum lëtzebuergeschen Auteur Josy Braun, deen am Abrëll 2007 bei den Éditions Phi vun Esch erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

De Roman spillt tëscht Oktober 2004 a Mee 2005 am fiktive Museldirfche "Fréileng", dat "hanner de Miseler Koppe läit", an deem et nieft de Wënzer nach e puer Bauere gëtt.

Um Bresseschhaff liewen dräi Generatiounen ënner engem Daach. De Papp, d'Mamm an de Bop wësse scho laang, datt vun de Kanner keent drun denkt, fir mam Haff weider ze fueren. Am Duerf ass en Amerikaner opgedaucht, deen op de Spuere vu senge Virfueren ass. Dee mécht sech awer net beléift, well do nach eng Beichtstull-Affär ass, déi eng 30 Joer ënner dem Teppech gehale gouf.

Mä et ass net eleng d'Vergaangenheet, déi d'Gefiller an d'Stëmmung am Duerf un d'Schäime bréngt. De Jong vum Bresseschhaff stellt seng nei capverdianesch Frëndin vir an zielt senger Famill, datt déi an Ëmstänn ass.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Roman geheit e Bléck op de kulturellen Ëmbroch, deen, wéi et schéngt, net ze bremsen ass. Et ass och e kritesche Bléck an de Réckspigel, op eng Zäit vu klerikalem Muechtmëssbrauch, an där munneche Som gestreet gouf, deen eréischt an der nächster oder iwwernächster Generatioun seng Friichten dréit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]