Kevelaer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kevelaer
Land Däitschland
Bundesland Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk Düsseldorf
Krees Kleve
Awunner 28.232 (31. Dezember 2022)
Fläch 10 060 ha
Héicht 20 m
Koordinaten 51°35'N, 6°15'O
Telefonszon 02832
Postcode 47623–47627
Websäit https://www.kevelaer.de/


Kevelaer („Kewelaar“ ausgeschwat) läit am Nordweste vun Nordrhein-Westfalen a gehéiert zum Regierungsbezierk Düsseldorf. Kevelaer ass besonnesch bekannt als eng vun de wichtegste Marienpilgerplazen an Däitschland.

D'Gnodebild vu Kevelaer ass e Kofferstéch mat der Tréischterin vu Lëtzebuerg, déi zu Kevelaer zanter 1642 veréiert gëtt.[1] Wärend der Muttergottesoktav 2016 hu Pilger aus Kevelaer eng gëlle Plackett geschenkt fir déi déif Verbonnenheet tëschent Kevelaer a Lëtzebuerg auszedrécken[2].

Wéinst der Verbonnenheet tëscht deenen zwou Stied, huet d'Stater Gemeng eng Strooss no der däitscher Stad genannt: d'Rue de Kevelaer um Weimeschhaff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kevelaer – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Mariebasilika
D'Gnodebild vu Kevelaer mat der Lëtzebuerger Tréischterin


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die Entstehung der Wallfahrt zum Gnadenbild in Kevelaer
  2. Ein besonderes Geschenk als Zeichen der Verbundenheit. Pilger aus Kevelaer stiften zum 350. Jubiläum eine Goldschmiedearbeit mit religiöser Tiefe