Diskussioun:Léiffrächen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat en Zoufall awer och, ech war haut do. An deenen nächste Stonne lueden ech der eng Foto erop a kucken, op ech iergendwou méi driwwer fannen - mee versprieche kann ech näicht. Wat mengs du genee mat "spannenden Deel"? --Otets 21:07, 4 Jun 2005 (UTC)

De "spannenden Deel" iwwer d'Marienerscheinungen wäert an nächster Zäit nokommen. --Cornischong 21:12, 4 Jun 2005 (UTC)

Do sinn ech gespaant! Ech hu neemlech just nach vague Erënnerongen un eng tippesch lëtzebuerger Provënzposse, wou der e puer gemengt hu, si misste Lourdes spillen, an et penibel laang gedauert hat, biss een do d'Punkten op den i gesat huet (war et net d' Zeitung vum Ltz Vollek ?)

E schéinen Owend,

--Zinneke 21:20, 4 Jun 2005 (UTC)

Ganz gutt Iddi, fir dee Fall do als Artikel vum Mount erauszesichen. Esou vill Material hunn ech och net grad. Mee do misst et genuch Leit ginn, déi eppes kéinte bäileeën!! Den Zinneke läit schonns richteg mat sengem "Lourdes". --Cornischong 21:28, 4 Jun 2005 (UTC)

Ech kennen déi "Lourdes" Geschicht och, mee wann een do méi konkret wéilt ginn, da wier dat ënner Ëmstänn reng Spekulatioun. Den Owend sinn ech nach net extra déif gruewe gaangen, mee et ka sinn, datt do och net méi vill vu mär nokënnt. An engem Bichelchen hunn ech e Passage fonnt: Iwwer "Lourdes" steet do mol guer näicht, mee dofir gëtt do e wéineg op d'Geschicht vum Poopst Pius XII agaangen (déi jo och op dem Steen vun der Foto am Artikel erzielt gëtt). A soss sinn ech just nach gewuer ginn, datt dem Peping säi Bouf Nolschmatt war... --Otets 00:11, 5 Jun 2005 (UTC)

Eeler Leit aus der Géigend misste vill matkritt hunn, mee dat sinn déi Themaen, wou sech "op eemol" kee Mënsch méi drunn erënnert, a vun de Kanner kéinten der nach liewen. Vun den Nimm vun de Kanner si mär der zwee bekannt .... . --Cornischong 00:25, 5 Jun 2005 (UTC)

Dat do kléngt jo wiirklech ganz spannend. Sinn emol gespant wat do nach nokënnt. Leider kann ech do vun menger Seit näischt dozou beidroen. Et ass fir d´éischt dass ech esou eppes heieren. --Alexandra 08:47, 5 Jun 2005 (UTC)

Ech hunn elo grad gemierkt, datt ech e Buch hu mat engem groussen Artikel iwwert d'Léif'frächen. Do wäert ech deeglaang defir brauchen, fir dat alles auszewäerten. Iwwert d'Muttergotteserscheinunge steet an deem Buch awer leider kee Piipjeswiertchen. --Otets 19:00, 16 Jun 2005 (UTC)

Dann huet d'Buch sech jo schonns selwer "ausgewäert". Firu mam Jabel! --Cornischong 20:08, 16 Jun 2005 (UTC)

Apostroph?[Quelltext änneren]

Moien
Gëtt et iergendeng logesch Erklärung fir den Apostroph tëscht Léif a Frächen oder ass et just en komesch Schreifweis déi vun iergendwou einfach esou ofgeschriwwe gouf --87.66.222.128 15:01, 14. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Gutt gesinn: En Apostroph weist, datt do e Laut oder Buschtaf feelt/ewechgefall ass. Hei gesinn ech awer och net, watfireen dat kinnt sinn. Warscheinlech e Schreifweisiertum, deen 8 Joer iwwerlieft huet. --Zinneke (Diskussioun) 16:55, 14. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci ;) et gëtt geréckelt cf.: LWB --Soued031 (Diskussioun) 17:45, 14. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]