Weierbaach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Woltz)

D'Weierbaach déi an der Belsch Woltz heescht ass eng kleng Baach am Éislek am Kanton Klierf, an an der Provënz Lëtzebuerg an der Gemeng Gouvy.

Si entsteet südlech vu Limerlé aus e puer Grief déi do aus Suppen erauslafen, a vu verschiddene Fléier kommen, wéi Al Boûse, Sol Bise, an Aux Nutons. De leschten Zesummefloss vun deene Grief ass eng ronn 300 M virun der belsch-lëtzebuergescher Grenz, déi se bei der Gossemaark LB 275 passéiert.

Eng ronn 250 Meter duerno kritt se Gesellschaft vun enger Baach déi vun Norde kënnt a vu lénks draleeft, an déi hir Quell och an der Belsch huet a bei der Gossemaark LB 276 an d'Land leeft.

Se leeft da weider an Direktioun Kierchermillen fir do de Weier ze fëllen, fir dann eng ronn 100 m duerno, soubal wéi se ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Gouvy erduerch ass, an d'Wolz ze lafen.

Et ass eng Baach déi nach an engem gudden natierlechen Zoustand ass, wat mat sech bréngt datt sech do erëm Biberen ugesidelt hunn. De Bau vun de Biberen hat als Folleg datt d'Baach gestaut gouf, de Milleweier doduerch ze vill Waasser krut an iwwergelaf ass, an eng Partie vu sengem Damm ewechgeschwämmt gouf.