Paul Medinger

Vu Wikipedia
Paul Medinger
Gebuer 24. Januar 1883
Conter
Gestuerwen 29. September 1939
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Famill
Geschwëster Pierre Medinger

De Paul Medinger, gebuer de 24. Januar 1883[1] zu Conter a gestuerwen den 29. September 1939 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.[2]

Hien huet zu Paräis, Bonn a Berlin studéiert an huet du vun 1912 un zu Dikrech enseignéiert. Vun 1916 un war en am Stater Kolléisch ugestallt.

Niewelaanscht war hie Conservateur am deemolege Staatsmusée (haut Nationalmusée fir Geschicht a Konscht).

Hie war méi wéi zwanzeg Joer Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[3]

Ënner senge sëllege Publikatiounen ass säin Historischer Rundgang durch Luxemburg wuel déi bekanntst.

Hie war de Brudder vum Cheemiker Pierre Medinger (1879-1940).

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Paul Medinger genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu Bouneweg ass eng Strooss no him benannt, se verbënnt d'rue Demy Schlechter mat der rue de Wiltz.[5]
  • Zu Conter heescht eng Sakgaass déi vum Schmilberbour aus fortgeet rue Paul Medinger

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • C. Lang, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 125 S. (Paul Medinger: S. 63-64).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ANLux, CT-03-02-0190, Contern - naissances, 1883, n° 3. — Falsche Gebuertsdatum (23. Januar) bei Lang (1967).
  2. Artikel iwwer d'Begriefnes vum Paul Medinger am Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1939.
  3. Noruff op de Professor Paul Medinger am Luxemburger Wort vum 3. Oktober 1939
  4. Memorial N° 5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  5. Was bedeuten die Strassennamen der Stadt? an Ons stad N°24 vun 1987 op der Säit 25