Haus Keel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Stammbam vum Haus Keel

Fir d'Herrschaft Keel konnt d'Mediävistik an der lescht eng genee Genealogie vun de Buerghären opstellen. Si koumen aus dem Haus Zolwer a kruten am 14. Joerhonnert aus dem Haus Beetebuerg neit Blutt bäi.

Simon I. (1278-1300?)[änneren | Quelltext änneren]

Den Alexander vun Zolwer, leschte Vogt vu Lëtzebuerg, dee selwer keng Kanner hat an den 20. Mäerz 1259 gestuerwen ass, hat als Ierwe seng zwéin Neveuen, den Anselm an den Theoderich I., déi dunn allebéid gläichzäiteg Häre vun Zolwer goufen.

Den Anselm hat als Bouf den Herbrand I., an deen hat als Kanner de Johann Walram, Här vun Zolwer, den Herbrand, en hëtzege Charakter a vun 1297 bis 1327 Leeder vun der Tréierer Doumschoul, an de Wilhelm, Grënner vun der Herrschaft Déifferdeng.

Den Theoderich I. hat als Kanner den Theoderich II., Här vun Zolwer (zesumme mam Johann Walram), an de Simon I., Grënner vun der Herrschaft Keel (an Ierwe vun de Bielesser Gidder).

Sigel vum Simon I. mam Wopen (1297)
Wopefaarwen nom R.Klein
Keeler Waasserbuerg

Am Simon I. gesäit d'Fuerschung den Erbauer vun der Keeler Waasserbuerg, mat grousser Warscheinlechkeet iergendwann am Zäitraum tëscht 1270 an 1286. Hee krut e puer Häff vum Keeler Besëtz vum Zolwer Haus an hat vun 1296 den Uert Udeng (nërdlech bei Schëffleng, spéider Dumontshaff genannt, haut ausgestuerwen).

Hee war dem Lëtzebuerger Grofenhaus trei erginn an hat 1286-1287 grad wéi 1292-1296 d'Amt vum Seneschall (1300 krut säi Koseng Johann Walram et). Hee war awer och Vasall vum Grof vu Bar a vum Gerard, Här vun Durbuy, Brudder vum Lëtzebuerger Grof Heinrich V..

Säi Ministerial Egidius (ernimmt 1272) huet en zu Keel vertratt wann dat néideg war.

Säi Wope war e Léiw (wéi dee vum Haus Zolwer) ënner engem Schréistaf (wat op eng méi eng jonk Linn hiweist). Héchstwarscheinlech war dee Léiw schwaarz op engem gëllene Fong, wéi zu Zolwer, d'Faarf vum Schréistaf ass dogéint reng Spekulatioun, et kéint eventuell rout gewiescht sinn (well blo scho vun der Déifferdenger Niewelinn geholl gouf a sëlwer vun der Suessemer, Aansebuerger a Schëndelsser Niewelinn).

Mat senger Fra Gertrud hat en eng ganz Rei Kanner:

  • Johann, den eelste Bouf, e gëtt just 1293 an 1297 ernimmt, e wäert wuel fréi verstuerwe sinn.
  • Simon II., den nächsten Här vu Keel.
  • Maria, Aleidis an Elisabeth, déi allen dräi 1293 an d'Klouschter Déifferdeng agretratt sinn.
  • Hedwig, déi 1297 mat engem Jakemin bestuet war.
  • Colette, déi no 1297 de Johann vu Beetebuerg bestit.

Simon II. (1300-1331)[änneren | Quelltext änneren]

Simon II., och nach als Här vu Bieles betitelt, war de Mundschenk vum Lëtzebuerger Grof Karel, dem spéidere Keeser Karel IV., Jong vum Jang de Blannen. Säin Amtsrisiko ass fir hie Realitéit ginn: den 31. Mäerz 1331 ass en zu Pavia an der Lombardei bei engem Gëftattentat verscheet, dat eigentlech dem jonke Karel gegollt hat.

Säi Ministerial Ritter Wilhelm huet en zu Keel vertrueden.

Säi Jong Johann gouf Här vu Bieles. Deem seng Duechter huet de Johann vu Preisch den Eelere bestuet. An deenen hier Ierfduechter huet d'Herrschaft Bieles un hire Mann Jakob vu Lampech bruecht.

Keel goung awer als éischt emol un dem Simon II. säin Neveu.

Simon III. (1331-1354?)[änneren | Quelltext änneren]

Wope vum Simon III. (1345)

Dem Simon II. seng Schwëster Colette hat (wuel vun hirem Papp Simon I.) Deeler vun der Herrschaft Keel geierft, a well bei hirem Doud (virun 1310) hire Bouf Simon III. nach mannerjäreg war, huet hire Mann de Ritter Johann vu Beetebuerg sech kuerzzäiteg no Keel genannt an als Momper dës Deeler vun der Herrschaft verwalt bis säi Bouf groussjäreg war.

De Simon III. war, wéi gesot, héchstwarscheinlech en Neveu vum Simon II., well deem seng Schwëster Colette sech mam Ritter Johann vu Beetebuerg bestuet hat, fir deen et dat éischt vun zwee Bestietnesser sollt sinn. Am zweete Bestietnes koum de Johann vu Beetebuerg mam Johann Walram senger Ierfduechter zesummen, fir déi et och dat zweete Bestietnes war well se als éischt mam Philipp Här vu Chêne zesumme war a mat deem se e Bouf Simon hat, an duerno mam Johann vu Beetebuerg nach e Bouf Walram.

Fir dat Ganzt mat deenen dräi Hallefbridder ze entwurrelen: De Simon III. vu Beetebuerg huet d'Herrschaft Keel iwwer seng Mamm Colette vun där hirem Brudder Simon II. geierft. De Simon vu Chêne gouf Här vun Zolwer, och hei iwwer d'Mamm déi d'Ierfduechter vum Johann Walram war. An de Walram vu Beetebuerg gouf Här vu Chêne, ebenfalls iwwer d'Mamm déi jo Wittfra vum Philipp Här vu Chêne war (mee als éischt war och hei vun 1308 oder 1309 un de Johann vu Beetebuerg Momper vu Chêne).

An der Ierfschaft vum Monni Simon II. war wuel fir de Simon III. net vill méi dra wéi d'Keeler Buerg, den Deel wou säi Papp Momper war hat e jo virdru scho bei Groussjäregkeet kritt, an de Simon II. hat nach selwer e Bouf deen als neien Här vu Bieles och nach Gidder zu Keel, Téiteng a Morweng matgeholl huet. Sou ass et fir de Simon III. net duergaange fir Ritter ze ginn an en huet et just zum Edelknappe bruecht. Den 28. Juli 1345 huet e sech misse Sue léine beim Thielmann vu Beetebuerg, fir déi en all seng beweeglech Gidder an Immobilien (dorënner d'Buerg) als Pand uginn huet.

Hee war mat enger Margarete bestuet. Fir seng lescht Joren huet de Simon III. sech an d'Klouschter Saint-Hubert bei Metz zréckgezunn an ass am Joer 1354 ouni Kanner verscheet.

Thielmann (1354-1367)[änneren | Quelltext änneren]

Wope vum Thielmann vu Beetebuerg (1367)
Faarwe just als Beispill well onbekannt

Den Thielmann vu Beetebuerg hat wéi gesot d'Herrschaft Keel am Joer 1345 als Pand kritt. Well de Simon III. héchstwarscheinlech gestuerwen ass, ier e seng Schold beim Thielmann aléise konnt, huet deen d'Herrschaft vu Keel iwwerholl.

Den Thielmann (deem säi Wopen dräi Juegdhënn war), staamt net aus dem Haus vun de Beetebuerger (deenen hiert Wopen e Gräif war), mee hie war wuel e vum Jang de Blannen zum Ritter geadelte Bierger aus der Famill Bouchard oder Madenard aus der Stad Lëtzebuerg. Vum Wenzel I. protegéiert wier en 1362 oder virdrun zum Ritterriichter vum Herzogtum Lëtzebuerg gewielt ginn.

Tëscht dem 30. Mäerz an dem 10. Juni 1367 ass en ouni Kanner verscheet.

Spéider Joren[änneren | Quelltext änneren]

Dem Thielmann vu Beetebuerg seng Witfra war wuel d'Johanna vun Huelmes, déi sech 1370 oder e bësse virdru eng zweete Kéier bestuet huet, dat mam Theoderich vun Hënchereng, sou datt si Härin vun Hënchereng a Keel war.

Am weidere Verlaf vun der Geschicht hunn e puer Famillen d'Keeler Waasserbuerg ënnert sech opgedeelt. Um Enn vum 14. Joerhonnert waren d'Häre vu Lampech, als Ierwe vun den Häre vu Bieles-Keel, am Besëtz vu Kayl. Ierwe vun de Lampecher waren déi zwou Famille vun de Suessemer an Ëttenger, déi nach bis zum Enn vun der Feudalzäit d'Hallschent vun der Buerg Keel gehalen hunn. Déi aner Hallschent war am Besëtz vun den Häre vu Chêne, deenen hir Ierwen déi vun Zolwer-Lagrange waren, Nokomme vum Simon vun Zolwer.

Wärend all deer Zäit gouf d'Buerg nach weider benotzt, wuel vu Scheffen.

D'Buerg gouf warscheinlech 1552 zerstéiert am Krich tëscht dem Keeser vum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun Karel V. (deen och Herzog vu Lëtzebuerg war), an dem Kinnek vu Frankräich Henri II. D'Fransouse koume vu Roudemaacher op Fréiseng, an hu vun Diddeleng bis Zolwer ze soen alles zerstéiert a verbrannt. Enn vum 18. ugaangs vum 19. Joerhonnert sinn och die lescht Reschter vun der Buerg aus dem Duerfbild verschwonnen, d'Awunner hate sech d'Steng fir hir eegen Haiser geholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]