Diskussioun:Haus Keel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

déi sech 1970 oder e bësse virdru eng zweete Kéier bestuet huet. Aha ??

Si koumen aus dem Haus Zolwer a kruten am 14. Joerhonnert ........ Maja wat krute se dann???

-- 109.134.247.187

Ass elo verbessert a vervollstännegt. --Otets ♣ 13:58, 10. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Plaz vun der Waasserbuerg[Quelltext änneren]

Moien,

Ass gewosst, wou déi Waasserbuerg stoung? Et kinnt een dat vläit ernimmen (oder en eegenen Artikel driwwer maachen, falls et es derwäert wier). --Zinneke (Diskussioun) 14:03, 16. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Am Artikel Keel:
Am 13. Joerhonnert war zu Keel een Herrschergeschlecht, dat net vill mat den Duerfbewunner ze dinn hat. Nëmme wéineg Vasallen hunn him gedéngt. Hiert Schlass war eng Waasserbuerg mat engem déiwe Gruef. D'Buerg stoung do, wou haut de Gäertnereibetrib zu Keel ass. D'Häregeschlecht ass géint 1400 ausgestuerwen an d'Buerg ass spéiderhi verfall. --Les Meloures (Diskussioun) 19:27, 16. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Wopen Thielmann[Quelltext änneren]

Dem de Raadt no huet den Thielman 1367 gesigelt "am Schëld dräi Juegdhënn" a ronderëm stoung "S THIELMAN DE BETEB". Ech hunn d'Sigel net gesinn, ech weess net wi eng Juedghënn et sinn an op se d'Patt hiewen, a bei engem Sigel sinn d'Foarwe souwisou net bekannt. D'Wopen am Artikel ass vu Commons, mat Talboten (enger Virform vum Beagle) wat Juegdhënn waren, an d'Foarwe sinn déi vum Buergmannegeschlecht Boisgin/Poisgin vun Neuerburg di den R.Klein och ernimmt mee duerno éischter op eng Ofstamung vun de Biergerfamille Bouchard oder Madenard aus der Stad tippt. Wee sech an SVG besser auskennt wi ech kann d'Foarwen eraushuelen. --Otets ♣ 03:28, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]