Roudemaacher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rodemack
lb: Roudemaacher
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Diddenuewen
Kanton Yutz
Koordinaten 49° 28’ 11’’ N
06° 14’ 13’’ O
Fläch  996 ha
Bevëlkerung  1131 (2014)

Rodemack (op Lëtzebuergesch: Roudemaacher, op Loutrengesch: Ruedemaacher, ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen gehéiert, huet 1131 Awunner (Stand 2014).

Well d'mëttelalterlech Bausubstanz zimlech gutt erhalen ass, gëtt Roudemaacher och dat "klengt loutrengescht Carcassonne" genannt. Roudemaacher zielt zum Veräin vun de schéinsten Dierfer a Frankräich.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1934 war Roudemaacher mat enger Schmuelspurbunn de Jängelchen op der Streck Diddenuewen-Munneref un d'franséischt an un d'lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ugeschloss. D'Gebai vun der Gare steet nach an der Sortie vu Roudemaacher nieft dem Pompjeesschapp.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alain Atten, Rodemack et son château ; in: Les Cahiers lorrains, n° 24 / 1979.
  • Nicolas Ries, Rodemack en Lorraine ; in: Les Cahiers luxembourgeois, 6 / 1933.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roudemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien