Diskussioun:John Grün

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn näischt géint Biller, bei wäitem net...allerdengs fannen ech datt se an dësem Fall den Artikel erschloen :) Zemol wou dat eent riets uewen och nach grauseg verpixelt ass. --Briséisβρισεισ 07:46, 20 Juli 2005 (UTC)

Géint erschloenen Text hëlleft just eent: selwer méi Text dohinnerschreiwen ;-))
D'Graf ass nëmme verpixelt gewiescht, well de Cornischong dem Ernmuhl gesot hat, e sollt ëmmer "thumb" an ni "framed" als Bildattribut gebrauchen. Dat ass och richteg, ausser wann d'Originalbild méi kleng wéi e Thumbnail ass. Ech hunn dat elo geframed, an alles ass erëm an der Rei. --Otets 08:34, 20 Juli 2005 (UTC)

"John Grun Marx, a Luxemberger, must have been among the strongest men in the world at the time I knew him. We worked on the same bill several times; but it was at the Olympia, in Paris, that he shone supreme as a strong- man -- and at the same time as a weak one. For, in spite of his sovereign strength, Mars was no match for a pair of bright eyes; all a pretty woman had to do was to smile and John would wilt. And -- Paris was Paris."

Dat ass jo eng flott Geschicht, mä ech huelen un dat se net stëmmt. De John Grün (1868-1912) kéint jo nëmmen am Joer 1900 zu Paräis op den Olympesche Spiller gewiecht sinn (1924 huet e jo net méi gelieft). Ech hunn awer nach näischt iwwer eng Participatioun vum John Grün (1868-1912) bei de Spiller vun 1900 font. Et gëtt alledengs e John Grün (gebuer 1897) deen 1920 zu Antwerpen an 1924 zu Paräis op den Olympesche Spiller dobäi war an am Gewiechthiewen (poids légér!!) ugetrueden ass. Et schengt sech do ëm eng Verwiesslung ze handelen.
De John Grün (gebuer 1897):
http://www.cosl-alo.org/alo_olyinf.php?oly=338
--Fliedermaus 09:43, 20 Dezember 2006 (UTC)

Dem John Grün säi Jong, den Johny Grün ass dacks mat sengem Papp opgetrueden. Beim COSL steet jo och "Johny GRÜN". Zu de flotte Geschichten: Tjo, mär kennen eis jo domat gutt aus hei an der Wiki :-)) Et wier nach ze kucken, wéini den Johny op d'Welt koum. --Cornischong 10:25, 20 Dezember 2006 (UTC)


Wann do steet at the Olympia dann huet dat neischt mat olympesche Spiller ze dinn. Dat ass de grousse Sall Olympia deen et haut sou wäit wéi ech weess och nach ëmmer gëtt a wou den Houdin och opgetratt ass.
Kuckt do: http://www.olympiahall.com/spectacles.asp
An do http://fr.wikipedia.org/wiki/Olympia_%28Washington%29

Les Meloures 10:53, 20 Dezember 2006 (UTC)

De Stadion

. --Cornischong 11:01, 20 Dezember 2006 (UTC)

Eieiei, et misst een nach anstäendeg liese kënnen! Mat Photo hunn ech dat och elo verstan.:-)

Huet een eng konkret Informatioun doriwwer ob et sech bei deem Johny G. (*1897) deen zweemol bei den Olympesche Spiller mat dobäi war (1920 an 1924), effektiv ëm de Jong vum John G. (*1868) handelt? --Fliedermaus 11:27, 20 Dezember 2006 (UTC)

Dem John Grün säi Jong Johnny ass den 19. Juni 1897 zu Lëtzebuerg gebuer ginn. Ob dee bei den Olympesche Spiller derbäi war "entzitt sech" mengem Wëssen. --Cornischong 12:04, 20 Dezember 2006 (UTC)

De Gebuertsdatum vum "Olympionik" - http://www.cosl-alo.org/alo_olyinf.php?oly=338 - ass jo och esou uginn. Da misst dat jo een an deeselwechte sinn.--Fliedermaus 12:22, 20 Dezember 2006 (UTC)

Elementary, my dear Watson! --Cornischong 12:29, 20 Dezember 2006 (UTC)

p.m. ERnimm nach w.e.g. (am Ament kniwwelen ech un engem Bridgefotoapparatartikel) fir am Papp sengem Artikel d'Kanner all z'ernimmen (De "Leo", dee méi spéit an e belscht Kloschter gaangen ass, d'"Emmy" , dat herno a Südfrankräich bestuet war, an natierlech de Johny, deen herno op der Schmelz als Aarbechter geschafft huet.) Merci. --Cornischong 09:38, 21 Dezember 2006 (UTC) (Vum Cornichong senger Dikussiounssäit kopéiert)--Fliedermaus 16:42, 22 Dezember 2006 (UTC)