Alexander Weyer

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Plakat "The Great Alex Weyer", 1903

Den Alex Weyer, gebuer de 4. Februar 1872 als Jean Pierre Decker zu Monnerech, a gestuerwen 1921 zu Kairo, war e lëtzebuergesche Kraaftmënsch an Illusionnist, deen ënner de Kënschtlernimm The Great Alexander Weyer oder Weyer le Mystérieux opgetrueden ass. Hien ass ënner anerem zu New York als Kraaftmënsch opgetrueden. Seng Tournéeën hunn hien duerch Europa an uechter Nordafrika gefouert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Decker ass 1887 mat senger Famill an Amerika ausgewandert. Do ass en ufanks als Kraaftmënsch am New-Yorker Dime Museum opgetrueden - z. B. huet e mat blousser Hand en Nol an e 5 cm déckt Briet gedriwwen. Spéider huet hie sech de "Kikobo Indians" ugeschloss an ass mat hinne queesch duerch d'USA op Tournée gaangen.

Hien hat e puermol Optrëtter zesumme mam John Grün.

1900 ass hien a seng Heemechtsuertschaft zréckkomm. Do huet hie 5 Joer laang u sengen Nummere geprouft, an ass duerno, zesumme mat senger Famill, mat Illusionisten-Nummeren an Europa op Tourmée gaangen. Uganks 1914 huet seng Tournée en an Egypten gefouert, vu wou en, wéinst dem Ausbroch vum Éischte Weltkrich, net méi zréck konnt. Hien huet 1918 do den Theatre of Mystery opgemaach, deen awer kee Succès hat, soudatt en déi lescht Jore vu sengem Liewe säin Ënnerhalt mat der Fabrikatioun vu Rees-Malle bestridden huet.

Den Alex Weyer war mam Harry Houdini befrënnt, a stoung mat him a regelméissege Bréifkontakt. Am Houdini sengem Buch vun 1920, dat bei E. P. Dutton and Co. zu New York erauskoum The Miracle Mongers and their Methods., dat den Ënnertitel dréit A Complete Exposé of the Modus Operandi of Fire Eaters, Heat Resisters, Poison Eaters, Venomous Reptile Defiers, Sword Swallowers, Human Ostriches, Strong Men, Etc., ass ee Kapitel dran iwwer den Alexander Weyer an eent iwwer den John Grun Marx, ( John Grün).

  • "Another nail act was that of Alexander Weyer, who, either by superior strength or by a peculiar knack, could hold a nail between the middle fingers of his right hand with the head against the palm, and drive it through a one-inch board. But since this act did not get him very far either on the road to fame, or toward the big money — he turned to magic and finally became one of the leading Continental magicians, boasting that he was one of the few really expert sleight-of-hand magicians of the world. I met Weyer at Liège, Belgium, where we had an all-night match with playing cards. He admitted that there were some tricks he did not know, but he claimed that after once seeing any magician work he could duplicate the tricks. On this occasion, however, he was unable to make the boast good. (Op der Säit 224)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]