John-Grün-Monument zu Munneref

Vu Wikipedia
John-Grün-Monument zu Munneref
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°30'22,5"N, 6°16'19,2"O

D'John-Grün-Monument ass e Monument zu Éiere vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün, dat zu Munneref an der Rue John-Grün steet.

D'Monument gouf vum Pierre Thorn entworf an ënner der Leedung vum italieenesche Sculpteur Duilio Donzelli realiséiert. De Relief aus Bronze, deen de John Grün duerstellt, ass vum Sculpteur Jean Mich (1871-1932) entworf ginn.

Um Monument steet:

A
JOHN GRUN
CHAMPION
DU MONDE
1886-1912
ROI DE LA FORCE

D'Monument ass de 25. Juni 1920 ageweit ginn a gouf dräimol geréckelt, ier et op seng aktuell Plaz an der "Rue John-Grün" koum.[1]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thorn, Pierre, 1921. John Grün, Roi de la Force, der stärkste Mann der Welt, 1868-1912. Luxembourg. 60 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John-Grün-Monument zu Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Le Monument John-Grün op mondorf.info