Georges Christen

Vu Wikipedia
Georges Christen
Gebuer 21. Dezember 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kraaftmënsch

De Georges Christen, gebuer den 21. Dezember 1962 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Kraaftmënsch.

Hie steet an der Nofolleg vu Leit wéi dem Jean Wolf, John Grün an Eugène Hettinger, déi virun him zu Lëtzebuerg an am Ausland als "stäerkste Männer vun der Welt" opgetratt sinn.

De Georges Christen béit eisen Neel, zerräisst Telefonsbicher a Kaartespiller mat den Hänn, zitt Camionen a Schëffer mat den Zänn, hënnert Fliger um Starten a bréngt warem Bullen duerch Opblosen zum Platzen. Hie steet als villfache Rekordler am Guinness-Buch vun de Rekorden.

Giercher an aner Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Officier vum Odre de la couronne de chêne (Promotioun 2023)[1]
  • Guinness-Buch: 23-fache Weltrekordhaler
  • Den Antoine Prum a Boris Kremer hunn en Documentaire iwwer de Georges Christen gedréit ënner dem Titel: Tour de Force, Lëtzebuerg 2005 / 78 Min. Kuckt hei

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Premier und Großherzog ehren sechs Persönlichkeiten. Luxemburger Wort (2023-06-23). Gekuckt de(n) 2023-06-24.