Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny
De Walram I. vu Lëtzebuerg (fr:Waléran de Luxembourg oder Waléran de Ligny), gestuerwen de 5. Juni 1288 an der Schluecht vu Worringen, war Här vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir vun 1281 bis 1288.
Hie war e Jong vum Henri V, Grof vu Lëtzebuerg, an der Marguerite vu Bar.
Hien huet sech mam Jeanne, Duechter vum Jean vu Beauvoir, bestuet. Si hate 6 Kanner:
- Walram II, (1275-1354) Här vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir
- Marie († 1337), bestuet mam Jean vu Ghistelles († 1346 zu Crécy)
- Henri († 1303)
- Marguerite, Nonn
- Philipotte
- Elisabeth.