Walram II. vu Lëtzebuerg-Ligny
Ausgesinn
| Walram II. vu Lëtzebuerg-Ligny | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 13. Joerhonnert |
| Gestuerwen | 1354 |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Herrscher |
| Famill | |
| Bestuet mat | Guyote Vicomtesse de Lille |
| Papp | Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny |
| Kanner | Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny |
|
| |
De Walram II. vu Lëtzebuerg-Ligny (fr: Waléran II de Luxembourg), gestuerwen 1354, war Här vu Beauvoir, Roussy a Ligny aus dem Haus Lëtzebuerg. Hie war e Jong vum Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny an der Jeanne vu Beauvoir.
De Walram huet fir d'éischt vu senger Mamm d'Buerge vu Beauvoir a Roussy geierft, an nom Doud vu sengem Brudder Henri II. (1303) och d'Ierfschaft vum Papp, Ligny.
Hien ass an der Kierch Notre-Dame zu Cambrai begruewe ginn.
Seng Fra war d'Guyotte vun Haubourdin († 1338), Ierwin vun der Bureggrofschaft Lille. Kanner waren:
- Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny (1300-1364) Här vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir
- Walram
- Jacques
- Catherine
