Roussy-le-Village

Vu Wikipedia
Roussy-le-Village
lb: Rëttgen
D'Gemeng vu Rëttgen

D'Gemeng vu Rëttgen
D'Gemeng vu Rëttgen
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Diddenuewen
Kanton Yutz
Postcode 57330
Gemengecode 57600
Koordinaten 49° 27’ 27’’ N
      06° 10’ 28’’ O
Fläch  1.250 ha
Bevëlkerung  1 136 (2010)
D'Kierch vu Rëttgen
De "Gamin"

Roussy-le-Village (Rëttgen op Lëtzebuergesch) ass eng Uertschaft am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, an Haaptuert vun der Gemeng mam selwechten Numm.

Hir Awunner heesche Rodossyens.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften aus der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng besteet aus den Uertschaften Duedenuewen, Rëttgen a Buerg-Rëttgen

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Relief vun der Gemeng gëtt et keng grouss Ënnerscheeder. Säin héchste Punkt läit op 256 m an deen déifsten op 190 m. Et lafen zwou Baache duerch d'Gemeng, den Altbach (och Boler genannt) a seng Niewebaach de Rhein.

Roussy läit op der franséischer Nationale 53, déi duerch Reklassementer elo an Departementale geännert gouf an elo D653 heescht, an domat op der Voie de la Liberté. D'Maark vun der Voie de la Liberté huet zu Roussy keen Numero, mä op hir sinn d'Distanzen fir bis op Diddenuewen an op Lëtzebuerg uginn.(Situatioun 2007).

Verkéier an Transport[änneren | Quelltext änneren]

Rëttgen ass un de Verkéier ugebonnen duerch d'Nationale 53 déi vu Fréiseng op Diddenuewen geet. D'Départementale 56 verbënnt d'Uertschaft no Südosten iwwer Basse-Parthe mat Cattenom, an no Nordwesten iwwer Zoufftgen mat Diddeleng.

Op d'Autobunn A 31 (E25), kënnt een no ronn 8 Kilometer iwwer Grouss-Hetteng (N 53), an iwwer d'Departmentale 15, op der Héicht vu Kanfen iwwer d'Afaart N° 44.

Iwwer den Territoire féiert eng Pëtrolspipeline vun der NATO déi vu Metz op Bitburg féiert via Findel.

Soss nach[änneren | Quelltext änneren]

Zu Rëttgen huet de Lëtzebuerger Staat eng vu sengen 23 Moossstatioune fir Radioaktivitéit ze moossen, installéiert.

Geschichtleches a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • E Kiem dee vu Lyon op Tréier gaangen ass
  • D'mëttelalterlech Buergen:
    • D'Buerg vu Roussy-Comté aus dem 10.-11. Joerhonnert
    • D'Buerg vu Custine aus den 13. Joerhonnert. Si sinn allebéid a Privatbesëtz.
  • D'Kapell Saint Fiacre vun Duedenuewen vu 1752.
  • D'Kapell Sainte-Croix vu Buerg-Rëttgen aus dem 15.-16. Joerhonnert. An der Kapell hänkt ee grousse Christus um Kräiz.
  • D'Kierch Saint Denis zu Rëttgen ass vun 1955. Si steet op der Plaz vun där aler Kierch déi am Zweete Weltkrich komplett duerch Artilleribeschoss zerstéiert gi war.
  • D'Gemengeverwaltung an deem ale Paschtoueschhaus, dat 1999 komplett restauréiert gouf.
  • Laanscht d'Strooss d'Kilometersteng vun der Voie de la Liberté.
  • 15 Kräizweeskulpturen déi an Zukunft duerch e Sentier pédestre matenee verbonne ginn.
  • De Gamin, ee Bam- a Blummepäerd dat mat sengem Teimer duerch d'Gemeng spadséiere geet.
  • Eng Sammlung vun ale restauréierte landwirtschaftleche Maschinnen, déi an der Gemeng op verschiddene Plaze stinn.

Kuckt och[Quelltext änneren]