Hagen (Moselle)

Vu Wikipedia
Hagen
lb: Hoen
Kierch vun Hoen

Kierch vun Hoen
Kierch vun Hoen
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57570
Gemengecode 57282
Koordinaten 49° 29’ 24’’ N
      06° 10’ 21’’ O
Fläch  351 ha
Bevëlkerung  354 (2020)

Hagen, op Lëtzebuergesch Hoen, ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est. D'Duerf gehéiert zanter 1769 zu Frankräich.

Den Uert, deen zum Arrondissement Diddenuewen gehéiert, huet 354 Awunner (Stand 2020).

Hoen ass eng Grenzuertschaft mat Lëtzebuerg an huet fréier zur Par Fréiseng gehéiert. Haut ass Hoen nach direkt mat Lëtzebuerg verbonnen duerch e Feldwee dee vun Helleng iwwer d'Autobunn A13 op Hoen geet.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Neigothesch Välteskapell vun 1866 déi d'Kapell vu 1727 ersat huet. Architekt war e gewësse Jacquemin vu Metz, an den Entreprener de François Legrand vu Rëttgen.
  • Monumentaalt Kräiz vun ëm 1740 (um Kräiz sinn nëmmen déi dräi éischt Zifferen ze liesen). D'Kräiz dat 3,82 Meter héich ass, gëtt den Ateliere Greff vun Altwis zougeschriwwen.
  • Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert an der Rue de la Chapelle.

Kuckt och[Quelltext änneren]