Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny
Ausgesinn
De Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny, gebuer 1300, a gestuerwen 1364, war Grof vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir vun 1354 bis 1364. Hie war de Jong vum Walram II., Grof vu Ligny, a vun der Guyotte vu Lille.
1330 huet hie sech mat der Alix vun Dampierre-Flandern (1322-1346), Dame de Richebourg, bestuet. Si war d'Duechter vum Guy de Dampierre, Här vu Richebourg, an der Béatrice de Putten en Strijen. Hir Kanner waren:
- Guy (1340-1371) Grof vu Ligny, Här vu Roussy a vu Beauvoir
- Jean († 1360), Här vu Roussy
- Jean (1342-1373), Bëschof vu Stroossbuerg (1365-1369) Äerzbëschof vu Mainz (1371-1373)
- Henri (1344-1366) Kanonikus zu Köln a Cambrai
- Walram, ernimmt 1347
- Jacques
- Jeanne († 1392), Gräfin vu Faucquenberghe
- Marie († 1376 oder 1382),
- Philippote († 1359),
- Catherine († 1366).
Nom Doud vu senger Fra huet hie sech eng zweet Kéier betuet mat der Jeanne Bacon, der Duechter vum Roger VI. Bacon, Här vu Molay a Barong vun Normandie.