Tariq Aziz

Vu Wikipedia
Tariq Aziz
Gebuer 28. Abrëll 1936
Gestuerwen 5. Juni 2015
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Irak
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Journalist
Partei Baath-Partei

Den Tariq Aziz (arabesch: طارق عزيز; Syresch: ܜܪܩ ܥܙܝܙ, och als Tareq Mikhail Aziz, Tarik Mikhail Asis oder Tarek Aziz transkribéiert, fir richteg Tariq Mikhail Youhanna), gebuer den 28. Abrëll 1936 oder den 1. Juli 1936 zu Mosul oder zu Tel Keppe, a gestuerwen de 5. Juni 2015 zu Nasiriya[1], war en irakesche Politiker.

Hie war vun 1983 bis 1991 Ausseminister an zousätzlech vun 1979 bis 2003 Vizepremierminister vun Irak. Hie war jorelaang en enke Conseiller vum President Saddam Hussein, deen en zënter der Universitéit, wou hien Englesch studéiert hat, kannt huet.

Hie war Member vun der Baath-Partei, fir déi en ë. a. an den 1960er Jore Chefredakter vun hirer Parteizeitung war.

Mam Drëtte Golfkrich a mam Amarsch vun der US-Arméi am Irak, 2003, war et och mam Aziz senger politescher Carrière um Enn. Hie war bis Juli 2010 Krichsgefaangene vun den Amerikaner, déi en 2010 un den Irak ausgeliwwert hunn. Hie gouf do zu Doud verurteelt, ma ass schlussendlech an engem Spidol, wuer en aus dem Prisong verluecht gi war, un de Suitë vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tariq Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Irak: Saddam-Getreuer Tarek Aziz gestorben. In: Die Presse, 5. Juni 2015.
  2. Saddam Husseins Vize Tarik Asis ist tot. In: Tages-Anzeiger 5. Juni 2015