John Couch Adams

Vu Wikipedia
John Couch Adams
Gebuer 5. Juni 1819
Laneast
Gestuerwen 21. Januar 1892
Cambridge
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun St John's College
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences

John Couch Adams gebuer de 5. Juni 1819 zu Laneast, Cornwall, England; gestuerwen den 20. Januar 1892 zu Cambridge war en englesche Mathematiker an Astronom.

Den Adams huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert, wou hien 1841 promovéiert huet. Ëm déi selwecht Zäit huet hien ugefaangen d'Onreegelméissegkeeten an der Beweegung vum Planéit Uranus z'ënnersichen. Hien huet d'Positioun vum Planéit Neptun opgrond vun der onreegelméisseger Bunn vum Uranus berechent. Seng Berechnunge goufe vun de Kolleegen net beuecht. Dat huet den Urbain Le Verrier ausgenotzt a koum him zevir. Den Adams gouf 1858 Professer op der Universitéit vu St. Andrews a Schottland a spéider zu Cambridge. 1861 ass hien och do Direkter vum Observatoire ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sky and Telescope, Juli 2003, S. 26
  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82 - 88 (2005), ISSN 170-2971

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Couch Adams – Biller, Videoen oder Audiodateien