Bohdan Paczowski

Vu Wikipedia
Bohdan Paczowski
Gebuer 1930
Warschau
Gestuerwen 26. Januar 2017
Lëtzebuerg
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Architekt, Essayist, Fotograf

De Bohdan Paczowski, gebuer de 5. Juni 1930 zu Warschau a gestuerwen de 26. Januar 2017 zu Lëtzebuerg,[1] war e polnesch-italieeneschen Architekt.

Hien huet seng Karriär an Italien ugefaangen, wou en den Architektebüro Uniarch zu Mailand gegrënnt huet. An den 1970er Joren huet hien zu Lëtzebuerg den Architektebüro Paczowski et Fritsch op d'Been gesat, 1982 zu Paräis Bellon-Paczowski-Sobotta, an 1992 d' Fondation de l'architecture et de l'ingénierie.[2]

Hien huet verschidde Gebaier zu Lëtzebuerg realiséiert, ë. a. d'Jean-Monnet-Gebai fir d'Europäesch Kommissioun um Kierchbierg (2017-2019 ofgerappt), d'Flughafegebai[3] (2004-2007) an d'Verwaltungsgebai Aerogolf Center um Findel, de Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 92 zu Sevilla, an e Bürosgebai um Boulevard Royal[Wou ?].

Hie war och Auteur vun enger Rëtsch Publikatiounen iwwer d'Geschicht an d'Theorie vun der Architektur, an huet Fotoe gemaach.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Neapol–Maisons-Laffitte: Gustaw Herling-Grudziński w fotografii Bohdana Paczowskiego : Kraków 24 V - 7 VI 1991, Kraków, Oficyna Literacka, 1991 [Ausstellungskatalog]
  • Zobaczyć, Gdańsk, słowo/obraz terytoria, 2005
  • Ścieżki, Gdańsk, słowo/obraz terytoria, 2012
  • Spojrzenia = Glimpses, Gdańsk, Czysty Warsztat, 2012

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Zmarł architekt, eseista, fotograf Bohdan Paczowski." Muzeum Historii Polski, 2017-01-27.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Céline Coubray: "Hommage à Bohdan Paczowski". paperjam.lu, 28.02.2017 (nogekuckt: 2023-08-29).
  3. Josée Hansen: "Dans la solitude des champs." In: d'Lëtzebuerger Land, 51. Jg., nº 26 (25.06.2004), p. 6. [Digitised by the National Library of Luxembourg]