Op den Inhalt sprangen

Gare Schuller

Vu Wikipedia
Gare Schuller
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1901
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dippech
Uertschaft Sprénkeng
Koordinaten 49°34'24,74"N, 5°57'36,47"O
Héicht i. M. 335 m
Reseau
Statiounscode Sw
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 7
P.K. 13,8 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 46.263
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Dippech-Reckeng,
Gare Nidderkäerjeng-Suessem
Kaart
Lag vun der Gare Schuller

D'Gare vu Schuller ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare Dippech-Reckeng an der Gare Nidderkäerjeng-Suessem vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um südleche Wupp vu Sprénkeng, op der Strooss (CR106) fir op Lampech, an der Gemeng Dippech.

An der Gare halen d'Zich (Regionalbunn) vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.

D'Gare vu Schuller huet kee Gare-Gebai méi. Fir de Schutz géint de Ree suerge verschidde Plazen déi en Dach ubidden. Et gëtt e gratis Park & Rail-Parking mat 13 Parkplazen a 1 speziell Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

D'Gare Schuller ass den 8. August 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf.

Dat fréiert Gebai vun der Gare ass 1983 ewechgerappt ginn. D'Gare ass 2009 komplett nei amenagéiert ginn, wéi d'Streck zweegleiseg ausgebaut gouf.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Dippech-Reckeng   RB   Nidderkäerjeng-Suessem Attem
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Attem Nidderkäerjeng-Suessem   RB   Dippech-Reckeng Lëtzebuerg
Commons: Gare Schuller – Biller, Videoen oder Audiodateien