Gare Attem

Vu Wikipedia
D'Gare vun Attem

D'Gare Attem ass eng Gare um Terrain vun der Gemeng Éibeng, déi den 1. Dezember 1874 op der Streck Attem-Péiteng, déi vum Prënz gebaut gouf, opgaangen ass. An der Gare vun Attem lafen dräi Infrabel-Linnen zesummen, an zwar d'171, d'167 an d'165. D'CFL fiert d'Gare iwwer d'CFL-Linn 80 un déi gläichzäiteg den Terminus vun den CFL Linne 60 a 70 ass.

D'Gare huet 3 Quaien déi fir de Passagéiertrafic accessibel sinn. Wéi op de meeschten eelere belsche Garë gëtt et kee Souterrain an et muss een iwwer ee Passage goen deen am Gleis läit, fir op d'Quaien 2 an 3 ze kommen.

D'Gare gëtt nieft dem Passagéiertrafic vun enger grousser Zuel Gidderzich duerchfuer déi entweeder aus dem Beetebuerger Triage kommen, oder vun der Libramonter Streck aus dohin ënnerwee sinn.

Kuerz hanner der Sortie vun der Gare ass de Systemwiessel tëscht dem lëtzebuergesche Wiesselstroum vu 25kV 50 Hz an dem belsche Gläichstroum mat 3kV.

Tarifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vun Attem ass déi eenzeg Gare vum Infrabelreseau an där et zwéin Tarifikatiounssystemer gëtt. Well d'CFL de Gros vun den Zich op där Gare stellt, ass Attem als "Gare assimilée" en Deel vum CFL-Reseau an d'Gratuitéit zielt deemno och zu Attem, wann et Richtung Rodange geet.

D'Zich an Direktioun Arel ginn dogéint no belschem System tariféiert.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rodange   RB
CFL-Linn 6
  Terminus Terminus
Arel Miezeg   L
CFL-Linn 80
An der Woch
  Rodange Libramont / Virton

Fir ze kucken[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz virun der Gare steet en 105 mm Mortier deen d'20. Artilleriesregiment der Stad Attem 1993 bei der Opléisung vum Regiment geschenkt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Attem – Biller, Videoen oder Audiodateien