Infrabel-Linn 166

Vu Wikipedia
Infrabel Linn 166 / Bertrix-Dinant
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barriären Km
Uschloss: Athus
Bertrix
Paliseul
Carlsbourg
Graide
Gedinne
Beauraing
Houyet fréier: SNCB-Linn 150
Gendron-Celles
Anseremme
Dinant
Uschloss: Namur

D'Infrabel-Linn 166 ass eng belsch Eisebunnsstreck déi vu Bertrix op Dinant féiert.

Zesumme mat der Streck 165 Athus-Bertrix bilt se déi sougenannt Athus-Meuse.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweegleiseg Streck gouf an aacht Etappe gebaut déi wéifollegt opgaange sinn:

  • 20. Dezember 1880: Bertrix - Gedinne
  • 22. Oktober 1895: Beauraing - Houyet
  • 1. Abrëll 1896: Houyet - Gendron-Celles
  • 27. Juli 1896: Gendron-Celles - Anseremme
  • 1. Juni 1898: Anseremme - Dinant
  • 1. August 1898: Pondrôme - Beauraing
  • 1. Oktober 1898: Vonêche - Pondrôme
  • 20. Oktober 1899: Gedinne - Vonêche

Si gouf vu Betrix aus gebaut an eréischt vun 1895 un gouf se bis Dinant gedriwwen. Eréischt 1899 gouf dat lescht Stéck tëscht Gedinne a Vonêche fäerdeg well 2.260 Meter a 675 Meter laang Tunnellen hu misse gegruewe ginn.

Aus wirtschaftleche Grënn, notamment datt déi international Gidderzich do ongestéiert fuere kënnen, ass d'Streck zanter dem 15. Oktober 2002 mat enger 25kV 50 Hz Catenaire ekipéiert déi vun Houyet aus alimentéiert gëtt. D'Grenz fir an de Gläichstroumreseau läit virun der Gare zu Dinant.

De ganze Giddertrafic Belsch - Lëtzebuerg gëtt haut iwwer d'Linnen 165 an 166 ofgewéckelt a wëll d'Gidderzich dobäi an der Belsch iwwer den 3kV Reseau musse fuere fir op d'Athus-Meuse ze kommem, gëtt de Giddertrafic exklusiv vun CFL 3000 an SNCB T13 gefuer.

Zich déi iwwer d'Linn 166 fueren[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn 166 ass an der Haaptsaach eng Gidderstreck, déi eréischt relativ rezent (2006) och vu Persounenzich befuer gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn 166 op belrail.be