Diskussioun:Nidderkäerjeng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"nach d'TDK hunn sech hei néiergelooss." : Sinn déi nach iwwerhaapt do? --Cornischong 19:21, 6 Februar 2007 (UTC)

Jo déi sinn nach do TDK Europe S.A. Z.I. Bommelscheuer Les Meloures 11:22, 14. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Bommert ?[Quelltext änneren]

Ech froe mech, ween op d'Iddi kënnt, datt d'Gemeng Käerjeng nierwt Nidderkäerjeng, Uewerkäerjeng a Lénger och nach eng Uertschaft "Bommert" soll hunn. Bommert ass beschtefalls en Numm um Kadaster, awer keng Uertschaft. (Eng Fro vun der IP 213.135.241.115)

Ma dat ass den Innenministär, deen a sengem héioffiziellen "ANNUAIRE OFFICIEL" am Vol. 1 vun 2000 an der Lëscht "Annexes -Nomenclature des localités du Grand-duché de Luxembourg" eng "localité" "Bommert" an der Gemeng "Bascharage" ernimmt. Den Annuaire ass souguer um Spaweck ze fannen. Eng Äntwert vum --Cornischong 10:34, 14. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
An deem héioffiziellen Annuaire wier "Bomicht" genausou eng Uertschaft wéi "Bommert". Et däerf een sech dann awer froen, wisou "Biff" a "Schack" (hunn ëmmerhinn en eegent Stroosseschëld) doranner net als Uertschaft gëllen. Nierwebäi bemierkt hätt d'Gemeng Manternach eng Uertschaft mam Numm "Papeterie", wat mech dozou verleed, deem Dokument nëmme begrenzt Glaawen ze schenken.
Moie gesot, elengt wéinst der Frëndlechkeet déi op der lb:Wiki kritiséiert gouf.
Den Annuaire officiel ass dat eenzegt offiziellt Dokument vun de Lëtzebuerger Uertschaften dat et gëtt. Bis en neit erauskënnt hale mer ons dorunner.
Datt verschidden Uertschaften nach net iwwerall an hire Gemengen opgezielt sinn, läit dorunner datt mer einfach zevill Mataarbechter hunn, an déi sech net eens ginn, wat jidderee fir d'Éischt soll maachen. Un der Lëscht vun de lëtzebuergeschen Uertschaften gëtt no an no geschafft. Déi eenzeg Lésung wier, pro Mataarbechter véier Computeren, 20 Clavieren, a 50 Hänn.
Da gëtt nach vill Zäit verbraucht fir hei ëmmer erëm ale Kaffi opzewiermen, fir op Froen z'äntwerten déi scho fir déi zwanzechste Kéier gestallt ginn - mer wëllen awer jidderengem äntwerten dee frëndlech freet - dozou kommen d'Feeler déi musse verbessert ginn, Artikelen déi geläscht ginn well se kee Paff wäert sinn, asw.
Soss si mer awer eng fäi Famill .

Les Meloures 16:39, 15. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Virun en etlech Joren, wéi d'Industriezon op der Bommelscheier ugeluecht gouf, ass anscheinend op der Plaz wou TDK gebaut gouf, ee vun den eelste fossile Reschter vun enger Libellenaart fonnt ginn. Wie weess eppes doriwwer. ?

Les Meloures 00:21, 7. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]