Kierch Nidderkäerjeng

Vu Wikipedia
Kierch vun Nidderkäerjeng

Uertschaft / Plaz Nidderkäerjeng
Par Kordall Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Konsekratioun 1982
Architekt(en) André Haagen
Baujoer 1982
Koordinaten 49° 34’ 06.5’’ N
      05° 54’ 23.1’’ O
Kierchen - Kapellen
Déi fréier Maximäinskierch op enger Foto vum Jacques Marie Bellwald (ëm 1900)

D'Kierch zu Nidderkäerjeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

De Patréiner vun der haiteger Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. Bei der vireger Kierch war et den hellege Maximäin.

Se steet an der Rue de la Résistance, dem CR110.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Vis-à-vis vun der haiteger Willibrorduskierch, do wou haut d'Claus-Cito-Plaz ass, stoung nach bis 1985 déi al Maximäinskierch. Si war 1788 gebaut an 1862 vergréissert ginn. Si war zum Schluss ze kleng. Nom Bau vun der neier Kierch gouf se ofgerappt.

Déi haiteg Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei modern Kierch gouf tëscht 1978 an 1982 no Pläng vum Architekt André Haagen vun der Architektegemeinschaft Haagen- Ewert- Jegen gebaut. D'Firma Alleva vu Péiteng war fir de Bau vun der Bëtongskonstruktioun zoustänneg. Den 23. Mee 1982 gouf se vum Bëschof Jean Hengen ageweit.

De Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee aus Bronz, bei deem d'Kräizdunnen aus réimeschem Travertin gemeesselt goufen, hänkt un der Mauer, déi vis-à-vis vum Altor ass. E staamt vun der Kënschtlerin Bettina Sabbatini.
De Kräizwee, deem seng Statiounen op eng eegewëlleg Manéier ubruecht sinn, besteet aus 15 Deeler.

De Beichtstull[änneren | Quelltext änneren]

De Beichtstull gëtt, wat seelen ass, nach reegelméisseg fir d'Ouerebeicht gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Nidderkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien