Le Puy-en-Velay

Vu Wikipedia
Le Puy-en-Velay
Vue iwwer d'Stad.

Vue iwwer d'Stad.
Vue iwwer d'Stad.
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Haute-Loire
Arrondissement Le Puy-en-Velay
Kanton Le Puy-en-Velay-1, 2, 3 a 4
Postcode 43000
Gemengecode 43157
Koordinaten 45° 02’ 39’’ N
      03° 53’ 09’’ O
Fläch  1 679 ha
Bevëlkerung  18 634 (2014)

Le Puy-en-Velay ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Haute-Loire an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Se ass déi gréisst Stad am Departement, de Sëtz vun deem senger Prefektur, an och Chef-lieu vum Arrondissement Le Puy-en-Velay, dat aus 4 Kantone besteet, Le Puy-en-Velay-1, 2, 3 a 4.

Le-Puy-en-Velay läit am südleche Massif central am Südoste vun der Auvergne um Zesummefloss vun der Borne an der Loire. Wéinst hirer besonnescher Lag an enger vulkanescher Landschaft ass d'Stad eng beléift Touristendestinatioun: D'Stad gouf ronderëm Basaltkoppen (Puys), fréier Vulkankeegelen, gebaut. Besonnesch opfälleg ass d'Kierch Saint-Michel d'Aiguilhe op sou enger Kopp. Si steet op der Plaz vun engem réimeschen Tempel; zanter dem 10. Joerhonnert steet do eng chrëschtlech Kapell (déi vun haut ass aus dem 11. Joerhonnert). Um Vulkankegel niewendrun, dem Rocher Corneille, steet déi 16 m héich Statu vun der Notre–Dame de la France, déi 1860 aus 213 Kanoune gegoss gouf, déi am Krimkrich bei Sewastopol erbeit goufen. Déi duebelstäckeg Kathedral vu Le Puy-en-Velay um Fouss vum Rocher Corneille an um ieweschte Bord vun der Stad, gehéiert zum Weltkulturierwe vun der UNESCO, als Deel vum Jakobswee op Santiago de Compostela, der Via Podiensis, déi vun do fortgeet.

Panorama
Panorama

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Le Puy-en-Velay – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaft virdrun
Versammlungsplaz
Kathedral vu Puy
Jakobswee

Via Podiensis
Uertschaft duerno
Vals-près-le-Puy